Comeback vu Linkin Park mat neier Sängerin an neiem Lidd

© TIMOTHY NORRIS / GETTY IMAGES / NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
D'Nu-Metal-Band Linkin Park huet sech siwe Joer nom Doud vun hirem Sänger Chester Bennington nei forméiert.
En Donneschdeg hu si zu Los Angeles e Concert vun enger Stonn gespillt, deen och op de Soziale Medie vun der Band gestreamt gouf. Mat "The Emptiness Machine" hu si och en neit Lidd presentéiert.
Fir d'Vocals vun der Band ass elo d'Emily Armstrong zoustänneg, déi och Sängerin vun der Band Dead Sara ass. De fréiere Sänger vun der Band, den Chester Bennington hat sech am Juli 2017 d'Liewe geholl.
D'Band huet dann och eng Tour mat sechs Concerten annoncéiert:
11.09.2024 - Los Angeles
16.09.2024 - New York
22.09.2024 - Hamburg
24.09.2024 - London
28.09.2024 - Seoul
11.11.2024 - Bogota
Mat Hamburg a London spillt d'Band also och an zwou europäesche Stied.
D'Band huet dann och en neien Album annoncéiert. "From Zero" soll de 15. November erauskommen.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu