Am Kader vum 95. Gebuertsdag vun der Lëtzebuerger Dänzerin a Schauspillerin, weise mir Iech um Samschdegowend den Documentaire "Der tanzende Stern" vum Michael Wenk.

D'Germaine Damar, gebuer Haeck, ass den 31. August 1929 zu Péiteng op d'Welt komm. An d'Germaine Damar huet Karriär gemaach. Si huet an 28 Kinosproduktioune matgespillt. Virop waren dat an de 50er a 60er Joren däitsch Filmer, an deene vill gedanzt a gesonge gouf. Als ganz charmant professionell Dänzerin war si déi ideal Besetzung fir déi deemoleg Revue-Filmer. Net nëmmen op der Bün ma och um Äis huet d'Germaine Damar eng gutt Figur gemaach. Iwwerdeems hire Filmpartner am Film "Symphonie in Gold" vun engem professionellen Äiskonschtleefer gedubbelt gouf, huet d'Lëtzebuergerin all hir Zeene selwer gedréit.

Wat de Gesang ugeet, hunn d'Produzenten hir awer net ëmmer getraut. Dacks hunn aner Sängerinnen hire Part iwwerholl. Heiansdo, wéi zum Beispill am Film "Die Beine von Dolores" huet d'Germaine Damar awer och selwer däerfe sangen.

D'Germaine Damar huet un der Säit vun de ganz groussen däitschsproochegen Acteure gespillt. Si stoung ënnert anerem mam Heinz Erhart, dem Blacky Fuchsberger, dem Peter Weck an dem onvergiessleche Peter Alexander virun der Kamera.

Och als Star huet d'Germaine Damar ni vergiess, wou hir Heemecht ass. Reegelméisseg ass si op Lëtzebuerg komm an den Undrang war ëmmer grouss, jidderee wollt en Autogramm vun der Actrice.

Mëtt de 60er bestit d'Germaine Damar den amerikanesche Manager Roman Toporow an zitt sech aus dem Filmgeschäft zréck. Si hunn zesumme, e Jong kritt, de Roman M. Toporow, deen am November 1966 gebuer gouf.

Germaine Damar: E Lëtzebuerger Star am Portrait (13.6.2011)
Muer feiert den Documentaire "Germaine Damar: Der tanzende Stern" seng Premiere. D'lëtzebuerger Actrice huet an 28 Kinosproduktiounen matgespillt.