Déi nei Linkin-Park-Sängerin steet ënner hefteger Kritik

© TIMOTHY NORRIS GETTY IMAGES NORTH AMERICAGetty Images via AFP
Nëmmen Deeg nodeems d'Emily Armstrong als nei Sängerin vu Linkin Park virgestallt gouf, ginn elo Virwërf géint si ëmmer méi haart. D'Armstrong huet an engem Post elo reagéiert.
Ënnert anerem soll d'Amstrong, dat sech zënter Jore bei Scientology engagéiert an och Member ass, den Danny Masterson, wärend deem dëse scho wéinst e puer Vergewaltegungen ugeklot war, ënnerstëtzt hunn. Mëttlerweil ass de fréiere Schauspiller verurteelt a sëtzt tëscht 30 Joer bis liewenslänglech am Prisong.
Virun allem no engem Post vum Sänger vun "The Mars Volta" an "At the Drive-In", dem Cedric Bixler-Zavala, koum de Steen ëm déi nei Linkin-Park-Sängerin sou richteg a Beweegung. Dësen ass nämlech mam Christie Carnell-Bixler bestuet, enger Schauspillerin, déi selwer eng vun de 4 Frae war, déi Vergewaltegungsvirwërf géint den Danny Masterson (béid bekannt aus "That 70s Show") erhuewen huet.
An dësem Post behaapt de Cedric Bixler-Zavala, dee selwer bei Scientology laang Zäit dobäi war, dass d'Armstrong de Masterson wärend de Prozesser aktiv ënnerstëtzt huet a souguer d'Affer an dëser Affär soll belästegt a menacéiert hunn. Dobäi komme Kanner- a Mënschenhandel, sou wéi massiv homophob Ideologien, déi säitens Scientology bedriwwe solle ginn a vum Emily Amstrong fir gutt geheescht géife ginn.
An enger Erklärung vum Emily Armstrong betount hatt selwer, dass et tatsächlech fréi bei den éischte Prozesser vum Danny Masterson dobäi war an du gemierkt hätt, dass hatt hien net méi wéilt ënnerstëtzen an och de Kontakt mat him ofgebrach hätt. D'Sängerin géif weder Mëssbrauch nach Gewalt géint Fraen toleréieren, sou d'Explikatiounen op d'Virwërf.

Dës Reaktioun op d'Kritik huet awer net wierklech dofir gesuergt, dass sech d'Situatioun berouegt huet, well vill Leit heiranner keng Entschëllegung gesinn a well op vill Kritikpunkte guer net agaange géif ginn. Och Linkin Park selwer huet sech dozou nach net geäussert.
De Cedric Bixler-Zavala a seng Fra hu séier op d'Äntwert vum Armstrong reagéiert an hat carrement als Ligenesch bezeechent an dass d'Ekipp vu Linkin Park d'Persoun ëm d'Armstrong net genuch am Virfeld kontrolléiert hätt. Bis haut hätt d'Armstrong nach ëmmer net gesot, dass et Member bei der schaarf kritiséierter Sekt Scientology wier, sou ënnert anerem e Kritikpunkt vum Bixler.