En Dënschdeg war am Kulturzenter Altrimenti an der Stad de Casting fir déi nächst Editioun vun der Casting-Show "The Voice Belgium".

Um 13 Auer ass et lassgaangen. Dat mam Casting fir "The Voice Kids". D'Organisateure ware sichtlech begeeschtert vum Talent vun de jonke Sängerinnen a Sänger. Et wier ëmmer nees emouvant, Kanner mat souvill Opriichtegkeet a Loscht sangen ze gesinn, sou de Bruno Berbères géigeniwwer der Journalistin Anaïs Riffi vun RTL Infos.

No de Kanner war et dann un den Erwuessenen. Obwuel de Casting ursprénglech nëmme fir Leit aus Lëtzebuerg virgesi war, hunn och vill Sänger a Sängerinnen aus der Belsch, Däitschland a Frankräich hiert Gléck versicht. Esou ënner anerem eng Fra vu Le Havre, déi d'Castingen a Frankräich verpasst hat oder d'Marie aus der Belsch, déi extra mat hirem Pianist Corentin vu Bréissel ugereest ass.

Wéi et de Kanditate beim Casting ergaangen ass, gesitt Dir am Video-Reportage op RTL Infos.