Den Tito Jackson, fréiere Member vun den "Jackson 5" ass am Alter vu 70 Joer gestuerwen.

Dat huet de Steve Manning, deen zanter laangem en enke Frënd vun der Jackson-Famill ass an zäitweis och d'Karriäre vun de Familljemembere gemanaged huet, dem Entertainment-Portal "Entertainment Tonight" confirméiert.

Eng offiziell Doudesursaach steet zwar nach net fest, ma dem Manning no hätt den Tito Jackson en Häerzinfarkt erlidden, ewéi hie mam Auto ënnerwee war, fir aus dem Bundesstaat New Mexico an de Bundesstaat Oklahoma ze fueren.

Den Tito Jackson war den zweet-eelste  Brudder vum Michael Jackson. Hie gouf a senger Karriär fir dräi Grammyen nominéiert a gouf mat den "Jackson 5" an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.