Start vun der Theatersaison 2024/2025

© Theaterfederatioun
Den 20. September invitéiert d'Theaterfederatioun op hiert traditionellt Theaterfest.
Dëse Freideg, vun 11 bis 18 Auer, kann een op der Stater Place d’Armes Informatiounsstänn vu verschiddenen Theateren, Kompanien a Kulturhaiser entdecken, an hir nei Programmer kenneléieren.
Donieft kann ee sech awer och op divers Animatioune freeën, déi e Virgeschmaach op dat ginn, wat d’Lëtzebuerger Theater- an Danzzeen an der Saison 2024/2025 ze bidden huet.
Um 11 Auer geet et lass mat enger Feiershow vum Grupp Zaltimbanq'. Duerno kann een d'Young Movers beim Danzen erliewen oder de 60er Jore Rock’n’Roll vun de Garçons Plage lauschteren.
Ausserdeem stinn eng humorvoll Stroosseshow vun den Ouvreurs des Portes an en Optrëtt vum Mambo Schinki mat senger Uergel um Programm.
1996 hu sech déi verschidden Theaterhaiser, Kulturzenteren a professionell Ensembelen als Federatioun zesummegeschloss, fir den Austausch ënnerteneen ze garantéieren, déi gemeinsam Interessen ze vertrieden a fir esou als Haapt-Uspriechpartner fir de Secteur vun der Bünekonscht hei am Land ze fungéieren.
D'FLAS (Fédération Luxembourgeoise des Arts de la Scène) zielt aktuell 22 Memberen.
Weider Informatiounen iwwer d'Theaterfederatioun an de Programm vun der neier Saison fannt Dir hei.