Optakt vun der neier Saison an der Philharmonie

© Lionel Demarville-Binsfeld
Passend zum Hierscht mat senge waarme Faarwe presentéiert d’Philharmonie d’Stéck "Été Indien".
Dëst ass den Optakt an déi nei Saison, déi dëst Joer ganz am Zeeche vum 50. Gebuertsdag vum Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) steet . Mam "Été Indien" kënnt Dir eng wuertwiertlech Aachterbunnfaart vu klassescher Musek an der Philharmonie erliewen.
Dem Katarina Leyman seng Kompositioun mam Titel "Roller Coaster Super 8" mécht heibäi den Ufank an entféiert den Nolauschterer a melodesch Erënnerungen aus der schweedescher Komponistin hirer Kandheet a Jugend. D’Symbolik vun der Achterbunn notzt si an dësem Stéck als Metapher zum Liewe mat sengen Héichten an Déiften. Passend dozou enthält d’Kompositioun Elementer vu Freet a Spannung.
Mat dësem Schwong geet et dann och weider an dem Wolfgang Amadeus Mozart säi "Concerto pour violin n° 5", och “Turkish” genannt. An dëser 5. Symphonie, déi hien 1775 am Alter vun 19 Joer geschriwwen huet ginn d’Musekerinnen a Museker vum Lëtzebuerger Orchester vun der Violonistin Alena Baeva begleet.

© Andrej Grilc
Mat “Italienne”, der 4. Symphonie vum däitsche Komponist Felix Mendelssohn, schléisst sech dëse rhythmeschen a liewege Concert of a ronnt den Optakt an déi Saison nach eng Kéier mat der néideger Grandezza of.
"Été Indien" kann ee Méindes den 23. September um 19h30 an d'Philharmonie kucke goen.
Tickete fannt Dir op luxembourg-ticket.lu