Wou ass de Lëtzebuerger Filmsecteur drun a wou soll en an Zukunft histeieren?
Ënnert anerem dorëm ass et e Freideg op den Assise vum Filmsecteur am CNA zu Diddeleng gaangen.
Zil war et, datt déi Professionell aus dem Filmberäich sech austauschen an u Piste geschafft gëtt, fir de Secteur an de nächste Joren ze stäerken. Et wier ee wäit komm an de leschte Joren, huet et ënnert anerem geheescht. Ma d'Erausfuerderunge ginn net manner.
D'kënschtlech Intelligenz, d'Klimakris, d'Präisdeierecht sinn nëmmen e puer vun de Facteuren, déi och en Impakt op de Filmsecteur hunn. Erausfuerderungen, déi een am Dialog mat de Leit aus dem Secteur wéilt ugoen huet de Kulturminister betount. Den Eric Thill huet ervirgestrach, datt de Filmfong en immens wichtege Partner vun der Filmlandschaft wier. D'Gouvernance dovu soll punktuell geännert ginn: "Mäi Wonsch ass et, dem Filmfong deen nämmlechte Kader ze ginn, wéi deenen aneren Établissements publics aus dem Kulturberäich, déi funktionéieren."
An engem Land, wou 50 Prozent Prozent Net-Lëtzebuerger sinn, wier et evident, datt dat sech och an de Filmer reflektéiert, huet den Direkter vum Filmfong Guy Daleiden am Kader vun enger vun zwou Table Ronden betount:
"Mir hu Schwieregkeete bei eis an der Administratioun ze verstoen, dass nëmmen e Projet Lëtzebuergesch ass, wann d'Geschicht lëtzebuergesch ass oder wann een d'Rout Bréck dra gesäit. Ech mengen dat ass ni de But gewiescht. Hei schaffe ganz vill Leit virun an hannert der Kamera an dat si Leit, déi hei zu Lëtzebuerg evoluéieren, déi zu Lëtzebuerg eduquéiert gi sinn an déi eist soziaalt Liewen hei zu Lëtzebuerg prägen."
De Lëtzebuerger Film wier nach relativ jonk a senger Geschicht an hätt nach net richteg säin Image fonnt, huet d'Zeenaristin a Realisatrice Eileen Byrne ënnerstrach:
"Also wann een an d'Ausland op e Festival geet an et géif froen, wat ass fir Iech e Lëtzebuerger Film, hätte se warscheinlech keng Äntwert. Da géif e soen, ah jo, ech hunn de Capitani gesinn op Netflix oder esou. Mä et ginn einfach nach net genuch Filmer an et gëtt nach net e Bild vun enger Lëtzebuerger Filmindustrie, géif ech soen, am Ausland."
De Realisateur a Produzent Donato Rotunno huet dofir plädéiert, weider esou ze schaffen, wéi dat aktuell de Fall ass:
E gudde Grond ze fannen, fir op engem Projet ze schaffen an do bäi ze sinn, an dann ze versichen, jorelaang ze versichen, net nëmme mat Lëtzebuerg, mä och mam Ausland, déi richteg Elementer ze fannen, fir dass de Film iwwerhaapt existéiere kann.
Eng laang Zäit hätt ee sech op den ekonomesche Retour vun de Filmer konzentréiert, dat misst dem Guy Daleiden no änneren:
"Mir sinn awer fortkoum vun deenen initialen Initiativen, wou gesot ginn ass an ausgerechent ginn ass, wéi vill fléisst an d'Lëtzebuerger Ekonomie zréck? Mir mussen elo kucken, well mer elo eppes opgebaut hunn: Wat fléisst an de Lëtzebuerger kulturelle Volet zréck?"
Et misst ee kucken, wat een haut hätt a wat een anescht kéint maachen, fir dat weider ze fërderen an ze entwéckelen huet den Direkter vum Filmfong nach ënnerstrach.