Et war erëm e wichtegen Dag fir d’Lëtzebuerger Theater- an Danzzeen, déi e Freideg de Start vun der Saison 2024/2025 gefeiert huet.

Vun 11 Auer bis 18 Auer hat d’Theaterfederatioun de Public op hiert traditionellt Theaterfest an der Stad invitéiert. De But dovunner war et, de Leit dobaussen ze weisen, wat d’Kultur zu Lëtzebuerg an der neier Saison alles ze bidden huet.
 
Op der Place d’Armes hate sech déi vereenzelt Theateren, professionell Ensembelen a Kulturhaiser mat hiren Informatiounsstänn versammelt, fir sech an hir nei Programmer ze presentéieren. Schwéierpunkte vun dëser Spillzäit sinn d’Theme Léift an Zesummenhalt.
 
Dem President vun der Theaterfederatioun, Sascha Dahm, ass et besonnesch wichteg, dass d’Leit an enger Zäit, an där de Streaming ëmmer méi u Relevanz gewënnt, de Bezuch zum Theater net verléieren a weiderhin déi eenzel Haiser besichen, wou et fir jiddwereen eppes ze entdecke gëtt.
 
Et huet een all Grond, fir déi nei Programmer méi genau ënnert d’Lupp ze huelen. Um Site www.theater.lu fannt Dir all d‘Theaterstécker, Spektakelen a Workshoppe vun de Federatiounsmemberen op ee Bléck.