Op enger Pressekonferenz e Méindeg de Moien huet den Atelier e puer interessant Rendez-vouse fir déi nächst Méint annoncéiert.

Dëst Joer kënnt een op ongeféier 150 Events, déi een organiséiert huet. Dovunner waren der 50 ausverkaf. Fir dat ganzt Joer geet een dovunner aus, dass een op 210.000 Leit kënnt, déi op den diverse Concerten dobäi waren.

Fir dat nächst Joer ginn et dann och schonn e puer spannend Annoncen.

De Sting kënnt am Summer mat sengem neie Projet Sting 3.0 an de Grand-Duché. Mat u Bord ass do och de Lëtzebuerger Chris Maas als Batteur. Den 1. Juli ass hien um Open Air bei der Luxexpo.

De 4. Juli ass den hollänneschen DJ Martin Garrix da fir gutt Stëmmung um Open Air responsabel.

De 5. Juli ass MEUTE an der Abtei Neimënster.

En Highlight dierft dann den 8. Juli ustoen, well hei wäert dann den Justin Timberlake dofir suergen, dass de Kierchbierg ze kleng ass.

Schonn am Mäerz ass et de Musical Mamma Mia, dat vum 6. bis den 9. Mäerz. Hei gouf eng Show méi an de Programm geholl.

3 Kannermusicals ginn dann opderschmelz ugebueden. Et sinn dat:

  • Peppa Pig
  • Abenteuer auf der Dinoinsel
  • Oh wie schön ist Panama

An den nächste Méint ginn nach weider Concerten ugekënnegt.