Den Documentaire "Succès Fox" elo am Replay

Zu Éiere vum Fernand Fox, deen e Méindeg gestuerwen ass, weise mer den Owend no der Emissioun "Caritas Spezial" den Documentaire iwwert d'Liewe vum Lëtzebuerger Acteur.
"Succès Fox" vum Desirée Nosbusch a Marc Limpach begleet eis duerch d'Liewen an d'Karriär vum Fernand Fox a gläichzäiteg och duerch de Lëtzebuerger Theater an déi national Filmwelt vun de 1950er Joren un.
Den Documentaire ass e Portrait vun engem vun de bekanntste Lëtzebuerger Acteuren, esou wéi d'Leit am Grand-Duché hie kennen. Dobäi liwweren dës ronn 80 Minutten och en intimen Abléck op déi aner Säit vun der Privatpersoun Fernand Fox. Hien huet an iwwer 120 Theaterproduktioune a Filmer matgespillt an domadder ass d'Geschicht vum "Foxe Fern" enk verbonne mam Developpement vum Lëtzebuerger Theater a vun der fréierer Lëtzebuerger Filmzeen.
E Mëttwoch kënnt Dir dann och op RTL de Film "Rusty Boys" vum Andy Bausch kucken an e Samschdeg iwwerdroe mer "Déi Zwee vum Bierg" vum Menn Bodson, Marc Olinger a Gast Rollinger. All d'Filmer fannt der dono och am Replay op RTL Play.