Zënter 2015 sinn d'Seja Katharina Rockel an de Flëp Wenger ënnerwee, fir hir Musek an hir Texter op der Bün dem Public virzestellen.

Dat war dee leschte Weekend de Fall zu Iechternach am Trifolion. Mat hirer Musek hu si fir Begeeschterung gesuergt, zemools och mat der schummereger Bistro-Atmosphär, déi den Trifolion am klenge Sall kreéiert hat. Hire Message an de Lidder kënnt gutt eriwwer: héiflech, rockeg och en Touch romantesch, awer iwwerzeegend.

De Régis Thill huet déi zwee Museker mat hirer Band erlieft, deenen dat Ganzt sichtlech Spaass mécht.