Regisseurinnen a Regisseure siche jonk an divers Schauspiller

© Samsa
Gesicht gi Schauspiller fir d'Lëtzebuerger Filmer "Dead Dad Girl", "Lizardqueen" an "Thelma".
Fir dräi Spillfilmer, déi 2025 zu Lëtzebuerg gedréit wäerte ginn, siche Regisseurinnen a Regisseuren no Leit, vun all Geschlecht, vu verschiddenen ethneschen Hannergrënn an am Alter tëscht 15-25 Joer, fir wichteg Rollen ze besetzen.
Dead Dad Girl vum Stephen Korytko (Samsa Film) ass eng schwaarz Komedie iwwer Lycéesschüler, déi a kriminell Machenschafte verwéckelt ginn… Awer keng Angscht, d'Meedchen ass net dout! Säi Papp dofir allerdéngs ëm sou méi.
Lizardqueen vum Jacques Molitor (Amour Fou Film) ass eng däischter Fantasie, déi sech ëm eng jonk Musekerin dréit, déi aus dem No-Liewe flücht, fir e puer Saachen nees riichtzebéien, déi zu hirem onerwaarten Doud gefouert hunn. D'Meedchen ass also definitiv (on-)dout.
Dem Govinda Van Maele säin Thelma (Les Films Fauves) ass en Drama iwwer d'Kraaft vum Theater an dem Regisseur seng Sich no der Roll vum Haaptpersonnage.
Erfarung an der Schauspillerei ass net néideg. D’Aarbecht um Dréi gëtt bezuelt. Wann s du wëlls matmaachen, muss du e Lien mat Lëtzebuerg hunn a fléissend Lëtzebuergesch an/oder Englesch schwätzen.
Schéck also eng E-Mail un castingfilm2025@gmail.com mat de folgende Saachen:
- Eng aktuell Photo
- en 30 Sekonne laange Video an deem s du dech präsentéiers
- CV an/oder Kontakt-Informatiounen