"SL'ESCH" ass eng Produktioun vum Escher Conservatoire
Frënn vum Musical zitt et dacks a Groussstied wéi Hamburg oder London, ma am Escher Theater kann een dëse Weekend e Lëtzebuerger Musical gesinn.
"SL'ESCH" ass keng Kopie, dofir awer eng Reprise. D‘Stéck ass am Kader vun Esch 2022 entstanen a gouf fir d‘éischte Kéier am November 2022 um Belval an der Maison des arts et des étudiants gewisen. Verschidden Departementer vum Escher Conservatoire hu sech fir dës Musical-Produktioun zesummefonnt.
De Jean-Paul Maes, deen d‘Stéck geschriwwen huet an et och inzenéiert, erzielt an „SL‘ESCH“ zwou Geschichte gläichzäiteg: Déi vun enger jonker Koppel – hatt vun Esch, hie mat italieeneschen Originnen- an déi vun der Stad Esch an deem Haus, an deem elo de Conservatoire dran ass, dat fréier awer, ënner anerem, e Casino war.
Op der Bün sti professionell Acteuren, ënnert hinnen och fréier Schüler aus dem Conservatoire. "SL'ESCH" leeft den 28. an 29. September am Escher Theater.