Déi brittesch Schauspillerin Maggie Smith, déi zanter de 50er Joren aktiv war, ass e Freideg de Moien am Alter vun 89 Joer gestuerwen.

Dat confirméieren hir zwee Jonge Chris Larkin an Toby Stephens. Si wier am Spidol verscheet. "Als eng onheemlech privat Persoun war si zum Schluss ëmgi vu Frënn a Famill. Si hannerléisst zwee Jongen a fënnef Enkelen, déi duerch de Verloscht vun hirer aussergewéinlecher Mamm a Groussmamm zerstéiert sinn", esou d'Famill an hirer Matdeelung.

Der Maggie Smith hir gréisste Rolle waren als Professer Minerva McGonagall an der "Harry Potter"-Filmrei, an als Dowager Countess Violet Crawley an der brittescher Serie "Downton Abbey".

Ugefaangen huet hir Karriär am Theater, ma séier ass si och zu engem bekannte Gesiicht a Filmer ginn. Si huet am Laf vun hirer Karriär esou gutt wéi all wichteg Präisser an der Branche gewonnen.

Nieft zwee Academy Awards (The Prime of Miss Jean Brodie 1969, California Suite 1978) huet si och nach fënnef BAFTA-Awards, véier Emmy-Awards, dräi Golden Globes an en Tony-Award gewonnen. Fir de renomméierte Laurence Olivier Award am Theater war si ganzer sechs Mol nominéiert. Fir hir Déngschter gouf si 1990 vun der brittescher Kinnigin Elizabeth zu enger "Dame" gemaach.

D'Dame Maggie Smith war bis zum Enn vun hirem Liewen aktiv. 2023 ass den ireschen Drama "The Miracle Club" erauskomm, wou si un der Säit vun der Kathy Bates an der Laura Linney gespillt huet.