"Khaos" vum Choreograph Saeed Hani
Am Kader vum internationalen Danzfestival zu Tréier gëtt hei eng dänzeresch Performance gewisen wou de Chaos am Fokus steet.
Am Mierscher Theater kann een dëse Samschden een Danzspektakel gesinn, dat een sou warscheinlech nach net gesinn huet. De Saeed Hani, ee syresch-däitschen Dänzer a Choreograph weist mat senger Danzperformance "Khaos“ eng ganz eegen Interpretatioun vun „Danz“. Hie verbënnt dëse mat ënnerschiddlechen Elementer aus der Konscht, an deenen ënner anerem de „Nue“ als feste Bestanddeel gëllt.
"Fir mech ass et eng Form vun enger Befreiung, déi ech och fonnt hunn wéi ech aus Syrien heihi komm sinn. Déi Biller, déi ech probéieren ze kreéieren sinn am 'Vintage Stil', dofir spillt d’Luucht hei och eng grouss Roll. Am Kontrast dozou steet den Danz, dee vun eis gemaach gëtt, an d’Géigewaart representéiert“, sou de Choreograph Saeed Hani.
Mat senge 7 Dänzerinnen an Dänzer geléngt et dem Saeed Hani aus engem Mix vun Zeenographie, zäitgenësseschem Danz an abstrakten Elementer de Spectateur an een Zoustand vun der „Verwirrung“ ze féieren. Den Titel „Khaos“ huet fir de jonke Choreograph awer och eng ganz emotional Bedeitung a reecht souguer zeréck bis an déi griichesch Mythologie: "Ech hu mech un der Natur inspiréiert, déi Plaz vu wou fir mech den organiséierte Chaos ursprénglech hierkënnt. No a no hunn ech mech ëmmer méi mam Thema Chaos ausernee gesat, och mat dem emotionale Chaos, mat deem mir Mënschen eis dagdeeglech ausernee setzen. Dëst waren alles Inspiratioune fir des Stéck.“
"Khaos" bitt dem Spectateur een Zesummespill vun Uerdnung an Onuerdnung. Mä och wéi déif d’Natur vum Chaos mat der mënschlecher Existenz verwuerzelt ass: "Ech mengen datt all Spectateur d’Opféierung anescht wouer hëlt oder interpretéiert. Et gëtt hei keng Geschicht mat engem definéierten Ufank oder Schluss . Och déi ënnerschiddlech Charaktere ka jiddereen op seng Aart a Weis liesen. Mir ass et méi drëms gaangen, datt jiddereen dëst Stéck ganz individuell wouer hëlt.“
Den 28. September kann ee sech "Khaos" an de Mierscher Theater ukucke goen.