E Lëtzebuerger Klassiker iwwert den Alldag wärend der däitscher Besatzung

© Déi Zwee vum Bierg
Déi zwee Frënn Mill a Välten wunnen an engem klengen Duerf am Norde vu Lëtzebuerg. Allerdéngs ännert sech alles fir si mat der Nazi-Besatzung am Joer 1940.
De Film aus dem Joer 1985 weist den Alldag wärend der däitscher Besatzung: Confiscatiounen an Humiliatiounen, d'Gefor vun der Zwangsrekrutéierung, den Doud, d'Deportatiounen, d'Kollaboratioun mat de Preisen an d'Resistenz.
Acteuren am Film sinn: Fernand Fox, Fernand Mathes, Christian Kmiotek, Marie-Christine Faber, Vicky Weydert, Juliette François, Marie-Paule Von Roesgen, André Jung a Pol Greisch.
Regie: Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger.
"Déi Zwéi vum Bierg" a "Rusty Boys" fannt der vun elo u schonn an eiser Rubrik "Films Made in Luxembourg" op RTL Play! Dëse leeft e Samschdeg den Owend um 20 Auer op der Tëlee an och als Video hei am Artikel.