De Kris Kristofferson ass mat 88 Joer a sengem Haus op Hawaii gestuerwen. Wéi seng Famill matdeelt, wier de Sänger friddlech entschlof.

De Sänger gëllt als ee vun de wichtegste Songwriter an der Country-Musek an huet ënner anerem Klassiker ewéi "Sunday Mornin' Comin Down" a "Me and Bobby McGee" geschriwwen.Seng Lidder goufevu Gréisste wéi dem Elvis Presley, dem Willie Nelson, dem Joan Baez oder och nach dem Janis Joplin an dem Ray Charles gesongen. Och als Schauspiller gouf hie bekannt ab huet un der Säit vun der Barbara Streisand am Museksfilm "A Star is Born" gespillt.

De Kris Kristofferson koum den 22. Juni 1936 zu Brownsville am Texas op d'Welt. No Etüden an Englescher Literatur a Kalifornien an zu Oxford trëtt hien an d'US-Arméi an. Eng Offer, fir Professer op der Militärakademie zu West Point ze ginn, refuséiert hien a geet amplaz op Nashville fir do seng Karriär als Country-Museker ze starten. 1970 kënnt schliisslech säin éischten Album raus.

An enger gemeinsamer Erklärung vu senger Famill - senger Fra Lisa, sengen aacht Kanner a senge siwen Enkelkanner - huet et geheescht: "Mir sinn all esou geseent fir eis Zäit mat him." De Fans huet d'Famill vum Museker Merci fir déi vill Joer vun der Ënnerstëtzung  a Léift gesot. "Wann dir ee Reebou gesitt, da wësst, datt hien op eis all eroflaacht."