Zanter wéini gëllt de Computer als Konschtmedium a wie war un der Entsteeung vun der digitaler Revolutioun bedeelegt?

Mam Titel Radical Software weist de Mudam eng Reinterpretatioun vun der Geschicht vum Computer an der digitaler Konscht.

De Fokus vun der Expo Radical Software läit op all de Fraen, déi säit der Erfindung vum Computer dësen als Medium genotzt hunn, sief et fir ze schaffen, als Sujet oder als Inspiratioun fir hir Konscht. D’Expo ëmschléisst eng Selektioun vu ronn 100 Wierker vu 50 Kënschtlerinnen aus 14 verschiddene Länner.  
 
Et ass eng  analog Ausstellung iwwer digital Konscht. Ze gesi kritt een hei Wierker, déi d’Evaluatioun vun den éischte Computer bis zu der Gebuert vum World Wide Web weisen, dat just vu Kënschtlerinnen, Wëssenschaftlerinnen an och Mathematikerinnen.
 
Ee Wierk, wat d’Michelle Cotton, Curatrice vun der Ausstellung ervirhiewe wollt, ass vun der Kënschtlerin Alison Knowles. Dëst ass 1967 entstanen an zielt domat zu den eelste Wierker vun der Expo. Technologie a Gläichberechtegung sinn net ëmmer Hand an Hand gaangen, zemools net am digitalen Zäitalter. D'Expo mécht genee dorop opmierksam a beliicht dobäi och d'Zäit vun haut.

Radical Software kann ee sech nach bis den 2. Februar am Mudam ukucke goen.