Anescht wéi gewinnt gëtt de Film hei net méi op just een, mee insgesamt dräi Bildschiermer projezéiert.

An enger Pres-Séance gouf dat Ganzt en Dënschdeg de Moie fir d’éischte Kéier presentéiert.

ScreenX : Zousätzlech zum gewinnte Bildschierm an der Mëtt vum Sall ginn d’Filmer bei dëser Technologie mat Hëllef vun zwee zousätzleche Projekteren och op déi säitlech Mauere projezéiert, wat engem d’Gefill gëtt, selwer en Deel vum Film ze sinn.

Den Opwand fir e Film am ScreenX-Format ze produzéieren, ass allerdéngs e gutt Stéck méi grouss wéi bei klassesche Filmer, well all Zeen, déi op deenen dräi Bildschiermer gewise gëtt, speziell muss opgeholl a vum Realisateur selektionéiert ginn.

Trotz dem gréisseren Opwand bei der Produktioun a Projektioun vu ScreenX-Filmer, betount d’Marketing-Managerin vu Kinepolis, dass d’Filmer duerch dës néi Technologie méi eenzegaarteg gi well net all Realisateur déi zousätzlech Bildschiermer d’nämmlecht vill benotzt.

De ScreenX Sall mécht elo offiziell seng Diere fir de Publik op a weist zwee Filmer; «Joker: folie à deux» a «Le Robot Sauvage».