An der neier Staffel vun "The Voice of Germany" ass mam Chris Chalmer och e Lëtzebuerger dobäi.

No sengem Studium ass de Chris zu Wien bliwwen. Hei séngt hien an der erfollegräicher Band Stesy. Säin Optrëtt bei "The Voice" gëtt alles anescht ewéi gewéinlech.

Lëtzebuerger bei "The Voice of Germany"/Reportage Chris Reuter

An enger Casting-Show erwaart ee Performancë vu klassesche Singer-Songwriter-Lidder, ugesote Pop-Hits oder grousse Balladen. Op kee Fall erwaart ee Metal an op guer kee Fall erwaart ee sech Screaming.

Genee dat mécht de Chris Chalmer awer. Hie screamed, meeschtens als Frontmann vu senger éisträichescher Metal- a Partycore-Band Stesy um Donneschdeg den Owend op der Bün vun "The Voice".

“Et heescht ‘The Voice’. Et heescht net ‘De Gesang vun Germany’. Et heescht ‘The Voice’ an du benotz jo deng Stëmm.”

No senger Umeldung an dem Virsange krut de Chris relativ séier matgedeelt: D’Produktioun ass Feier a Flam, dass hien an der Show mat dobäi ass.

"Schéin ze gesinn, dass et net nëmmen drëms geet, wien am beschte Céline Dion sange kann. Mee dass et tatsächlech drëms geet, wien d’Judges entweder schockéiert oder a säi Bann zitt, egal op wéi eng Aart a Weis."

Wärend senger Audition huet de Chris e Metal-Cover vum Blümchen sengem "Boomerang" performed.  Dee Song hat hien am Fong guer net erageschéckt, d’Produktioun wollt en awer onbedéngt. Wéi dir den Owend gesitt mat engem Hannergedanken.

"Dat kann ech soen: Do hunn ech vläicht déi eng oder aner Tréin misse vergéissen."

Dee ganzen Tamtam, d’Kameraen, den Toun, all déi Leit aus der Produktioun: Viru sengem Optrëtt war de Chris extrem nervös.

"Awer esoubal ech dunn op der Bün war, war ech erëm a mengem Element an hu komplett ofgeliwwert. Dat war richteg gäil. Den Toun ass super, d’Band an och d’Luuchte si super. An esouvill kann ech scho verroden: D’Publikum ass ofgaangen ewéi Sau!"

Packt de Chris Chalmer et haut den Owend an déi zweet Ronn vun «The Voice of Germany»? 20.15 Auer op ProSieben!