D'Schlager-Ikon Nana Mouskouri plangt, der Musekskarriär mat 90 Joer de Réck ze dréinen.

All ze wäit ass dat net méi fort, den 13. Oktober feiert d'griichesch Sängerin 90 Joer. "Ech wäert nach e puer Optrëtter hunn an da war et dat", sot d'Mouskouri an engem Interview mam "Spiegel". Si hätt elo genuch gemaach a si kéint elo net méi sou maachen, "wéi wann ech eng jonk Fra wier".

Si ass och der Meenung, kee Recht méi ze hunn, sech op eng Bün ze stellen a schlecht ze sangen, och wa si dofir géif applaudéiert kréien: "Ech wëll d'Leit net leide gesinn".

2005 hat d'Nana Mouskouri hir lescht Tournée organiséiert, dono koum et dunn awer zu engem Comeback. Elo soll dann awer reell Schluss sinn, mat 90 Joer. Extra fir dee ronne Gebuertsdag kënnt dann awer nach en Album eraus, fir dat en Orchester e puer vun hiren Hits nei agespillt huet.