Méi wéi 800 Konschtwierker aus aller Welt, dorënner och 2 Objeten, déi zu Lëtzebuerg kreéiert goufen, sinn exposéiert ginn.

Déi 3. Editioun vun der internationaler Homo-Faber-Ausstellung zu Venedeg ass dëser Deeg op en Enn gaangen. Ee Mount laang stoungen artistesch Handwierker an hir Objeten am Fokus. Méi wéi 800 Konschtwierker aus 70 verschidde Länner goufen hei ausgestallt.

An och de Grand-Duché war do mat zwee Wierker vertrueden: Ee mat Aquarell-Faarf bemoolte Paravent, vun der belsch-lëtzebuergescher Kënschtlerin d'Marie-Isabelle Callier, an eng Vase vun der Glas-Kënschtlerin Camille Jacobs.

Am Reportage vum Valentine Patry kritt dir een Abléck an déi aussergewéinlech Ausstellung, déi all Joer Dausende vu Visiteuren unzitt.