De franséische Schauspiller Michel Blanc ass dout

© THOMAS SAMSON POOL / AFP
De franséiche Schauspiller a Regisseur Michel Blanc, ënnert anerem bekannt aus senger Roll als Jean-Claude Dusse an der Komedie-Serie "Bronzés", ass am Alter vun 72 Joer verscheet.
Dat schreiwen e Freideg de Moien direkt eng Rei franséisch Medien. An de 70er Joren huet de Michel Blanc sech mat senge Schoulfrënn Christian Clavier, Gérard Jugnot a Thierry Lhermitte zesummegedoen an d'Theatergrupp Le Splendid gegrënnt. D'Theatergrupp huet sech spéider och virun d'Kamera getraut a Filmer gedréit, ënnert anerem Les Bronzés sinn esou entstanen.
De Schauspiller, dee virop fir seng Komedie bekannt war, huet 1986 den Duerstellerpräis zu Cannes gewonnen, dat fir seng Roll am Film " Tenue de soirée". Hien huet bis zum Schluss geschafft: nach d'lescht Joer war de Michel Blanc an enger Rei Filmer ze gesinn.