Selbstbewosst um Wee Richtung grouss Weltbünen
Si war am Conservatoire, am Lycée op der Sektioun Musek a goung dunn op Mailand a Mannheim, hire Bachelor a Master am Fach "Musik und darstellende Kunst" maachen.
Haut schafft d'Lynn Feyereisen awer net als Professesch, mee si lieft hir Passioun a séngt Sopran. D'Monique Kater iwwer eng jonk Fra, déi selbstbewosst hire Wee a Richtung grouss Büne vun der Welt geet.
D’Lynn Feyereisen als Mënsch wéi dir a mir, um Kierchbierger Electronic Music Festival war si eventuell e bësselchen deplacéiert. Well et gëtt en anert Lynn Feyereisen, eent aus enger Welt vu Verdi, Puccini oder Strauss, e Lynn Feyereisen an der Corse an der Halleffinall am Chant Lyrique.
D’Lynn huet déi klassesch Ausbildung hei am Land hannert sech an du fort an d’Ausland, fir un hirem Gesang, hirer Stëmm, ze schaffen.
Wie d’Puccini-Oper Madame Butterfly héieren oder gesinn huet, denkt un eng Callas oder Netrebko, déi "Un bel di, vedremo" sangen. Eng Roll an enger prestigiéiser Oper wier hiert Ziel an dofir huet si hir Stëmm technesch perfektionéiert. E jorelaangen Training, e staarke Wëllen, an d’Gleewen un Reussite: Jo, si kéim bis ganz uewen, obschonns een et als Jonken am klassesche Museksberäich alles anescht wéi liicht hätt. Tosca an da Salome vum Strauss: Op déi Rolle flippt déi 28 Joer jonk Sängerin och nach a seet sech prett, och fir en Challenge zu Lëtzebuerg.