Mat sengem mëlle Klima, sengem kulturelle Räichtum a sengem besonnesche Flair, zitt Italien Reesender a Kënschtler a säi Bann.

Am 17. Joerhonnert hate sech honnerte vun hollännesche Kënschtler virun allem zu Roum an an der Campagna néiergelooss, fir déi mediterran Landschaften ze studéieren an ze molen. Eng Expo an der Villa Vauban bitt engem den Ament. E seelenen Abléck an dëst relativ onbekannt Kapitel vun der europäescher Konschtgeschicht.

Mat der hollännescher Molerei verbënnt ee Natures-mortes, Portraiten oder Marinnen, ma keng italieenesch Landschaften. Op genee dës hate sech ab 1640 awer déi sougenannten Italianiste spezialiséiert : Hollännesch Kënschtler, déi sech an hirer Molerei net op den Ausdrock vu Verbonnenheet zur eegener Heemecht besënnt hunn, ma op d’Afänke vun deem onbeschwéierte mediterrane Flair, dat si an Italien ze spiere kruten.

"Sous une lumière dorée" heescht dann och d’Ausstellung, déi an der Villa Vauban, eng 50 Italien-Biller vun hollännesche Moler wéi dem Johannes Lingelbach oder dem Adam Pynacker presentéiert, déi sech an Italien och deels a Gemeinschaften zesummegedoen a souguer zesummen u Wierker geschafft hunn.

Well an der hollännescher Konscht vum 17. Joerhonnert och d‘Genremolerei eng wichteg Roll gespillt hat, hu sech vill Italianisten net just op Landschafte beschränkt, ma och Alldagszeenen an italieenesche Gaassen duergestallt. Vill vun den Italien-Biller sinn awer keng real Vuen, ma ästhetesch Zesummesetzunge vu verschiddenen Elementer, déi zum Deel och réischt nom Retour an Holland op Toile bruecht goufen. Déi vill Wierker sinn iwwregens Deel vun enger Lëtzebuerg Privatsammlung.

Nach bis den 13. Oktober kann een d’Expo "Sous une lumière dorée" an der Villa Vauban entdecken.