Sotheby's huet e Sécherheetsgilet vum Banksy versteet

© AFP
E Gilet mat engem brittesche Fändel drop vum Street-Art-Kënschtler Banksy ass e Mëttwoch zu London ënnert den Hummer komm.
Fir 787.000 Pond - ëmgerechent ronn 930.000 Euro - sinn dofir gebuede ginn, wéi d'Auktiounshaus Sotheby's bekannt ginn huet. De Gilet gehéiert zu enger Serie vu fënnef stéchséchere Gileten, déi de Banksy aus Deeler vun alem Police-Equipement gemaach huet, fir op d'Messergewalt a Groussbritannien opmierksam ze maachen.
Dem Banksy géif et op eenzegaarteg Manéier geléngen, e komplexe gesellschaftleche Problem an engem Objet duerzestellen, sou d'Auktionärin vu Sotheby's Emma Baker. De Wäert vun dësem Gilet war am Virfeld op 300.000 Pond geschat ginn.