En Owend mat oppenen Dieren an de Stater Muséeën
Den 12. Oktober vu 17 bis 1 Auer maachen d’Stater Muséeën am Kader vun der traditioneller Nuit des Musées nees hir Dieren op a weisen, wat et kulturell zu Lëtzebuerg alles ze entdecke gëtt.
Wéi all Joer kann een och e Samschdeg den Owend erëm an d'Villa Vauban, de Casino, de Lëtzebuerg City Musée, de Nationalmusée um Fëschmaart, de Natur Musée, d'Dräi Eechelen an de Mudam goen, fir sech hir Ausstellungen unzekucken.
Et erfuerdert vill Organisatioun fir en Owend wéi d'Nuit des Musées mat Succès op d'Been ze setzen. 27.000 Visiteure gouf et 2023 an dat erhofft ee sech trotz dem schlechte Wierder an der 23. Editioun ze widderhuelen. Nieft de gratis Navetten, dem Virverkaf vun Ticketen, Iessstänn an de sëllegen Ausstellungen, Workshops a Concerten, déi extra deen Owend geplangt ginn, steet 2024 och nach en anere Punkt am Fokus, an zwar de Logo "Green Events", deen d'Nuit des Musées dëst Joer krut. Deemno dréint sech déi ganz Organisatioun ëm Nohaltegkeet an der Konscht.
De But vun dësem kulturellen Owend ass awer och, fir d'Villfalt vun der Konscht zu Lëtzebuerg ze weisen an d'Leit ze motivéieren, och emol doheem an de Musée ze goen. Dofir gi fir d'Nuit des Musées och ëmmer vill nei Ausstellungen op, wéi zum Beispill "Babel heureuse?" am Lëtzebuerg City Musée. An dëser Ausstellung dréit sech alles ëm d'Thema Sprooch a wéi d'Mënschen trotz verschiddene Sprooche glécklech kënnen zesumme liewen. Et gi souwuel historesch, wéi och zäitgenëssesch Konschtwierker gewisen an dat vir Grouss a Kleng.
Am Nationalmusée gëtt et nieft den Dauerausstellungen och nach eng nei Expo vum Marc Henri Reckinger, deen 2024 de Lëtzebuerger Konschtpräis gewonnen huet. Ausserdeem gëtt et och en interaktive Programm op der Nuit des Musées a Form vun Atelieren. D'Expo "Black Air" am Casino befaasst sech mam Thema Abstraktioun a weist zäitgenëssesch experimentell Konscht, inspiréiert un enger Happening-Ausstellung aus dem Joer 1968 vum Aldo Tambellini an Otto Piene. Am Kontext dovunner ginn zwee Workshoppen organiséiert, bei deenen een opblosbar Objete bastelen oder mat Videoproduktiounen experimentéiere kann. Am Lëtzebuerg City Musée kann een ausserdeem an engem Print-Atelier op traditionell Aart a Weis säin eegene Renert fir doheem printen.
De ganze Programm fënnt een um Internet bei den eenzele Muséeën oder um Site vun der Nuit des Musées.
Ticketen
- Erwuessener: 10-15 Euro
- Jonker (16-26 Joer): 3-7 Euro
- Kanner <16 Joer: gratis
