4 Deeg, 4 verschidde Genrë vu Musek
Den Iechternacher Trifolion organiséiert all Joer e puer kleng Festivallen. Um Donneschdeg den Owend huet den Echter Classic Festival ugefaangen.
Deen dauert bis e Sonndeg. De Regis Thill war fir eis um Ouverture-Concert an huet sech mam Festival-Direkter ënnerhalen. De Festival huet mat Leidenschaft ugefaangen, wéi kënnt et mam Tango och anescht sinn? Echter Classic an Tango, geet dat? Wann den Tango vum berüümten Astor Piazzola ass, schonn. D‘Organisateuren hunn an der Programmatioun vum Festival e grousse Spagat geschloen. 4 Deeg, 4 verschidde Genrë vu Musek.
Wien Lëtzebuerger Kënschtler mat Qualitéit wëllt erliewen, dee kënnt zu Iechternach op seng Rechnung: D‘Stefany Ortega huet sech e ganzen Owend der Tangomusek vum Astor Piazzola verschriwwen. Ee Genoss vir Oueren an Aen, well och Tangodänzer optrieden. D‘Stefany Ortega huet eng Stëmm, déi der Tangomusek gerecht gëtt. Dramatesch Héichten an Déifte vum Tango komme mat der Dynamik vun hirer Stëmm a mat hirer Ausdrockskraaft perfekt eriwwer. Den Trio packt et, Nostalgie a Modernes an engem harmonesche "Package" unzebidden.