Vum 7. bis den 10. Oktober war den Andy Bausch erëm op engem Filmset aktiv, dës Kéier am Hotel Oranienburg zu Veianen. Do huet hien, zesumme mam Nilton Martins, säin neie Kuerzfilm "The Butcher" gedréit.

Am Film geet et ëm de Julien: Hie mécht säin Apprentissage als Metzler, ma hëlt eng nei Aufgab un, déi e bësse méi düster ugehaucht ass. Gespillt gëtt hie vum Nilton Martins. Ënner anerem steet nieft him de Marco Lorenzini virun der Kamera.
Och wann Themen ugeschwat ginn, déi méi seriö wierken, géif dat ganzt awer op eng lëschteg Aart a Weis gewise ginn.

"Ech sinn een, dee ganz gären d’Leit laachen oder schmunzelen deet", esou den Andy Bausch. D’Zil wier also, d’Leit ze ënnerhalen, andeems se sech skurril an absurd Momenter vu méi düsteren Themen ukucken. De Film ass en Neo-Noir, dat heescht, dass de Film en Hommage un de Film noir mécht an dofir gëtt en och am schwaarz-wäisse gewisen.

E bësse speziell ass d’Organisatioun vum Film, well dee gëtt vum Nilton Martins selwer finanzéiert. Hie bezilt also aus senger eegener Täsch, ouni Ënnerstëtzung vu baussen.

Weider Schauspiller am Film sinn d’Alyne Fernandes D., d'Brigitte Urhausen, de Pitt Simon, d’Claire Johnston, de Gilles Soeder, an de Leo Folschette.

Wéini de Film erauskënnt, ass nach net bekannt. Am Reportage ass en exklusiven éischten Abléck vun enger Zen mam Nilton Martins a Marco Lorenzini.