D'Frankfurter Buchmesse mécht offiziell hir Dieren op

© Marco Pavone Kultur.lx
Vum 16. bis den 20. Oktober dréint sech zu Frankfurt nees alles ëm d'Buch. En Dënschdeg ass feierlech Ouverture.
Och Lëtzebuerg ass nees mat engem Stand present.
Um Stand vu Kultur | lx – Arts Council Luxembourg (Hal 3.1 / Stand F130) kënne Visiteuren aus aller Häre Länner Literatur aus Lëtzebuerg entdecken. 10 Lëtzebuerger Editiounshaiser - Black Fountain Press, capybarabooks, Editions Guy Binsfeld, Editions Schortgen, Ernster Editions, Hydre Éditions, Kremart Edition, PassaParola Editions, PersPektiv Editions, Point Nemo Publishing - stellen hir neiste Wierker do aus. Fir si ass dat eng eenzegaarteg Geleeënheet, nei Kontakter ze knäppen a sech mat Professionellen aus dem Buchsecteur auszetauschen.
D'Frankfurter Buchemesse ass e wichtege Rendez-vous an där Branche, deen d'lescht Joer méi wéi 20.0000 Visiteuren aus 130 Länner ugezunn huet.
Déi éischt Deeg sinn engem professionelle Public virbehalen, vun e Freidegnomëtteg un ass dann och de grousse Public wëllkomm.
Gaaschtland ass dëst Joer Italien, dat seng literaresch Kreatiounen ënnert dem Motto "Verwuerzelt an der Zukunft" am grousse Pavillon virstellt. Extra fir de Programm vum Gaaschtland Italien sinn eng 150 Bicher aus dem Italieeneschen op Däitsch iwwersat ginn a vill Schrëftsteller a Schrëftstellerinne wäerten op der Plaz sinn, fir aus hire Wierker ze liesen a mam Public doriwwer ze diskutéieren.
Frankfurter Buchmesse 2024 - Ëffnungszäiten
Fir Visiteure vum Fach
- 16. - 19. Oktober 2024: 09.00 bis 18.30 Auer
- Sonndeg, 20. Oktober 2024: -9.00 bis 17.30 Auer
Fir privat Visiteuren
- Freideg, 18. Oktober 2024: 14.00 bis 18.30 Auer
- Samschdeg, 19. Oktober 2024: 09.00 bis 18.30 Auer
- Sonndeg, 20. Oktober 2024: 09.00 bis 17.30 Auer