50 Joer SOS Villages d’Enfants Monde Luxembourg asbl
Déi groussherzoglech Famill war de leschten Donneschdeg fir d'50-Joer-Feier vun SOS Villages d’Enfants Monde fir e Galaconcert an der Philharmonie dobäi.
Nieft den offiziellen Discoursen huet sech de Public dunn awer haaptsächlech op de Concert vun de bekannte Museker Pascal Schumacher a Francesco Tristano gefreet, déi fir dëse speziellen Dag zesummen opgetruede sinn.
Ma natierlech stoungen och d'Kanner am Mëttelpunkt. Dat net just mat Informatiounen iwwert d'Aarbecht, déi d'Associatioun weltwäit fir Dausende vu Kanner leescht, mä och a Form vum Kannerchouer Péckelbierg, déi fir déi fofzeg Joer natierlech och Happy Birthday gesongen huet. An um Enn vun der Feier gouf et, wéi kann et och aneschters sinn, e grousse Gebuertsdagskuch, dee vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Theresa ugeschnidde gouf.
An och mat fofzeg Joer wëll SOS Villages d’Enfants Monde mat Vollgas weider Projete grënnen an ënnerstëtzen.
Sophie Glesener: "All Projet ass eigentlech speziell. An ech mengen all Kand ass speziell. A wann ee kann hëllefen, Kanner aus der Nout ze huelen. Ech mengen dat ass dat Schéinst, wat ee kann als Aarbecht hunn. A mir hu ganz vill Projeten. An deene 50 Joer hu mer an 100 Länner Kanner gehollef. Dank der Generositéit vun den Donateuren hei zu Lëtzebuerg. An do sinn ech immens, immens dankbar dofir."