Eng Fotoausstellung, déi de Mënsch an de Vierdergrond setzt

Thema vun der 10. Editioun vum Prix Pictet heescht "Human" an deemno dréit sech an den ausgestallte Fotoen alles ëm de Mënsch a seng Relatioun zur Welt.
Den internationale Fotografiepräis Prix Pictet huet sech no enger éischter Ausstellung 2014 mam Thema "Consumption" fir déi zweete Kéier am Ratskeller vum Cercle Cité an der Stad niddergelooss fir d’Wierker vun den 12 Finalisten aus dësem Joer ze weisen.
D'Thema vun der 10. Editioun heescht "Human" an deemno dréit sech an den ausgestallte Fotoen alles ëm de Mënsch a seng Relatioun zur Welt. Ausgewielt goufen déi 12 Finaliste vum Präis un Hand vu verschiddene Krittären. Eng Jury aus méi wéi 300 Experten huet d’artistesch Qualitéit, d’Originalitéit an de Message den d’Fotoen iwwermëttele sollen, bewäert an esou dës 12 Fotografen ausgewielt: Ragnar Axelsson, Alessandro Cinque, Gauri Gill, Federico Ríos Escobar, Michał Łuczak, Gera Artemova, Vasantha Yogananthan, Vanessa Winship, Hoda Afshar, Yael Martínez, Richard Renaldi, Siân Davey.
D’Gewënnerin aus dësem Joer ass déi indesch Fotografin Gauri Gill. Hiert Wierk befaasst sech mam Liewen an an hiren Erënnerungen u seng Heemecht Radjasthan. Et kann een d’Thema "Human" allerdéngs op ganz ënnerschiddlech Aart a Weisen interpretéieren, wat déi verschidde Wierker an der Ausstellung weisen. Esou befaasse sech aner Fotoen zum Beispill mam Krich oder der Natur.
Mat engem Thema, wat engem esou vill Spillraum gëtt wéi de Mënsch, weist de Prix Pictet d’Diversitéit vun der Fotografie. D’Stad Lëtzebuerg ass frou, esou eng Ausstellung am Cercle Cité kënnen ze organiséieren, well dat de Leit d’Méiglechkeet gëtt, héichwäerteg Konscht gratis kucken ze goen.
De Visiteure soll awer net nëmmen d’Méiglechkeet gebuede ginn, eng Ausstellung wéi déi vum Prix Pictet zu Lëtzebuerg kucken ze goen. Zil ass et och, dass d’Leit eppes iwwert Deeler vun der Welt, déi se net esou gutt kennen, bäiléieren a sech mat den ausgestallte Wierker identifizéieren.
D’Ausstellung kann een nach bis den 19. Januar 2025 gratis an de Cercle Cité kucke goen.