Lëtzebuerg ass op der Buchmesse ze fannen - um Lëtzebuerger Stand an och an aneren Ecker vun der weltgréisster Bicherfoire.

Wie FOMO (Fear Of Missing Out; Angscht, eppes ze verpassen) huet, deen ass op der Frankfurter Buchmesse schlecht drun. Eng Hellewull Liesungen, Buchvirstellungen an Diskussiounsronne ginn ugebueden, dacks sinn et zwee oder méi interessant Evenementer zur selwechter Zäit. An da sollt ee sech jo och nach Zäit huelen, fir einfach ze flanéieren, d'Atmosphär ze genéissen an och emol onerwaart Entdeckungen ze maachen.

RTL

© Bea Kneip/RTL

Apropos flanéieren: déi nogebaute Piazza am italieenesche Pavillon war e Coup de Coeur! D'Lucia De Luca, Directrice vum Projet Gaaschtland Italien 2024, erkläert wéi ee Gedanken dohanner stécht:

Lucia De Luca:
"Pourquoi une piazza? Ou se passent les choses en Italie? Toutes les petites villes ont une piazza. La piazza c'est le lieu de la rencontre, on parle, on dispute, on discute, on fait des manifestations, il y a l'église, il y a la mairie, tout se passe là. Et on voulait que cette sensation de communauté et d'échange entre les personnes, de pouvoir la répéter ici et que tout le monde puisse en profiter. C'est pour ça que Stefano Boeri,l'architecte de Milan, a envisagé ce pavillon comme une piazza." 

Ronn honnert Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen aus Bella Italia sinn nach bis e Sonndeg op der Buchmesse present. Et ass also duerchaus derwäert, fir den Trajet bis op Frankfurt ze maachen. Et ass vu Lëtzebuerg aus och net esou wäit, wéi d'Lucia De Luca betount. A si muss et wëssen, well si lieft selwer zu Lëtzebuerg.

Lucia De Luca:
"Francfort est seulement à deux heures et demie de Luxembourg, le pays dans lequel j'habite et que j'adore! Je pense qu'on devrait vraiment visiter parce que c'est vraiment un voyage en Italie."

RTL

D'Lucia De Luca ass d'Direktesch vum Projet Gaaschtland Italien 2024 / © RTL/Bea Kneip

D'nächst Joer wäert de Pavillon vum Gaaschtland ganz anescht ausgesinn. Dann ass et un de Philippinnen, fir hir Literatur a Kultur virun den Ae vun der Welt zu Frankfurt auszestellen. Ongewéinlech fir e Gaaschtland hu si ganz wéineg Virlafszäit: eréischt d'lescht Joer, also grad emol 2 Joer virdrun, koum d'Confirmatioun, dass de südostasiateschen Inselstaat 2025 den Éieregaascht ass. Awer si wäerte prett sinn, wéi d'Directrice vum philippinneschen National Book Development Board, Charisse Aquino-Tugade, erkläert. De Motto "The imagination peoples the air" gëtt op Däitsch als "Fantasie beseelt die Luft" iwwersat.

RTL

© Bea Kneip/RTL

E prominente Schrëftsteller vun de Philippinnen war schonn dëst Joer zu Frankfurt op Besuch. De José Dalisay, 1954 gebuer, war ënnert dem diktatoresche Regime vum Ferdinand Marcos Sr. am Prison an huet 1986, nom Stuerz vum Diktator, seng Erënnerungen an engem autobiographesch gepräägte Roman verschafft. "Killing Time in a Warm Place" ass elo ganz rezent op Däitsch iwwersat ginn an (mam selwechten Titel) am Transit Verlag erauskomm. Am selwechte Verlag fënnt een och "Last Call Manila", an deem den Auteur d'Problemer vun der philippinnescher Diaspora thematiséiert.

RTL

De José Dalisay am Gespréich mat sengem Editeur an dem Iwwersetzer Niko Fröba / © Bea Kneip/RTL

Op der Buchmesse geet et - natierlech - ëm Bicher! 

A verschiddener si wierklech net ze iwwersinn! Schonn op der Agora gëtt een op zwee nei Verëffentlechungen opmierksam gemaach: "Nexus" vum Yuval Noah Harari, an deem de Geschichtsprofesser an Auteur vum Bestseller "Sapiens. Eine kurze Geschichte der Menschheit" sech mat Informatiounsnetzwierker beschäftegt.

An "Helden" e Mëttelalter-Epos, deen am 13. Joerhonnert spillt. Et ass eng Fortsetzung vun "Tod und Teufel" dem Debut-Roman vum Frank Schätzing  aus dem Joer 1995. Wann een tatsächlech de risege Panneau op der Agora iwwersinn hätt, da gesäit een et spéitstens, wann ee mat der Rolltrap eropfiert, souguer do sinn d'Roman-Helden affichéiert!

Och dee prominente Literaturkritiker Denis Scheck recommandéiert "Helden". Firwat hien d'Buch als "Brexitroman" , "Finanzthriller" an e "Psychoanalytesche Roman" bezeechent, dat gëtt op dëser Plaz nach net verroden.

Den neie Sebastian Fitzek ass och ze fannen.
Den Thomas Gottschalk presentéiert seng Memoiren "Ungefiltert" an de Jürgen Trittin stellt seng politesch Autobiographie "Alles muss anders bleiben" vir. Der Angela Merkel hir Erënnerunge sinn nach net op der Buchmesse disponibel. Hiert Wierk "Freiheit" wäert de 26. November am Verlag Kiepenheuer und Witsch erauskommen.

Lëtzebuerg huet zënter e puer Joer nees e Stand op der Frankfurter Buchmesse. 

Mä wann ee gutt kuckt, fënnt ee Lëtzebuerger Bicher och op anere Plazen op der Bicherfoire. Zum Beispill um Stand vun dem renomméierte Matthes & Seitz Verlag vu Berlin, deen dem Samuel Hamen säi Buch "Quallen" erausbruecht huet.  Oder beim brittesche Verlagshaus "Sweet Cherry Publishing", dem Editeur vun der Isabelle Marinov hirem Jugendbuch "Boy Underground". Eng schéin Iwwerraschung, wann een onerwaart op e klengt Stéck Lëtzebuerg stéisst. A villäicht ass de Besuch vum Jürgen Boos, dem Direkter vun der Frankfurter Buchmesse um Stand vu KulturLx jo och en Zeeche fir eng besser Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Literatur an engem internationale Kontext.

Vu mengem Besuch op der Frankfurter Buchmesse hunn ech eng Onmass vun Andréck matbruecht an natierlech och eng Rei Interviewe mat Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen, déi Dir deemnächt hei op RTL.lu lauschteren a liese kënnt.

D'Frankfurter Buchmesse ass nach bis e Sonndeg 20. Oktober fir de Public op.