1787 gouf d'Verfassung vun de Vereenegte Staaten decidéiert. En éischten Ofdrock gouf viru knapp 2 Joer an engem Haus am US-Bundesstaat North Carolina fonnt.

Elo huet dat historescht Dokument de Besëtzer fir knapp 9 Milliounen US-Dollar, also ronn 8,3 Millioune Euro, gewiesselt. D'Stee vum Auktiounshaus Brunk Auctions en Donneschdeg am US-Bundesstaat North Carolina soll nëmme knapp 7 Minutte gedauert hunn. Detailer zum neie Proprietär goufen allerdéngs net genannt.

D'Dokument, dat virun 237 Joer gedréckt gouf, ass Brunk Auctions no warscheinlech deen eenzegen Exemplaire, deen a privatem Besëtz war. Siwe weider Ofdréck gehéieren ëffentlechen Institutiounen. Et wier e Privileeg, esou en Dokument ze versteeën, sot den Ausriffer Andrew Brunk. Am Ganze wiere 1787 knapp 100 Exemplaire vun der US-Verfassung gedréckt ginn.

RTL

Dat historescht Dokument gouf engem Haus zu Edenton am US-Bundesstaat North Carolina fonnt. / © Brunk Auctions via AP

Mat der dëser wollten d'USA eng Uerdnung fir d'Bundesstaate schafen an d'Confederéierten-Artikel vun der Onofhängegkeetserklärung ersetzen. De Sekretär vum Kongress, de Charles Thompson, huet den Entworf vun der decidéierter Verfassung drécke gelooss a wuel jee zwee Exemplairen un déi 13 Grënnerstaate vun den USA geschéckt, déi dës ratifizéiere sollten.

Den Ofdrock, deen elo ënnert den Hummer koum, gouf 2022 op engem Terrain fonnt, dee fréier dem Samuel Johnston gehéiert huet, dee vu 1787 bis 1789 Gouverneur vun North Carolina war an d'US-Verfassung a sengem Staat ratifizéiere gelooss huet.

RTL

© Brunk Auctions via AP

Déi lescht Stee vun engem Exemplaire, deen un d'Grënnerstaate geschéckt gi war, war 1891. Deemools goung d'Dokument fir ronn 400 US-Dollar iwwer den Dësch. 2021 hat d'Auktiounshaus Sotheby ee vu knapp 14 Exemplairë vun der Verfassung versteet, déi fir déi Delegéiert vun der Verfassungsreunioun dréckt goufen.

RTL

© AP Photo / Jeffrey Collins