De Kulturminister Eric Thill war sech en Donneschdeg de Stand vu Kulturlx zu Frankfurt ukucken. An deem Kontext wollte mir wëssen, firwat esou eng Foire fir de Grand-Duché wichteg ass.

Wéi wichteg ass et fir Lëtzebuerg present ze sinn?

"Et ass ganz wichteg, dass mir hei present sinn, et ass eng Reklamm fir eis Lëtzebuerger Literaturzeen, ech mengen dat ass ganz ganz wichteg. Ech sinn impressionéiert vun der Envergure, déi d’Frankfurter Buchmesse huet an ech mengen, et ass eng flott Plaz, wou mir wierklech eis Auteuren, eis Editeuren no bausse kënne verkafen, wou ech mir elo grad soe gelooss hunn, dass och schonn éischt gutt Gespréicher stattfonnt hunn an ech mengen, et ass eng flott Plaz, wou mir déi ganz Diversitéit, déi vill gutt Aarbecht, déi bei eis am Land gemaach gëtt, och kënne präsentéieren, d’Méisproochegkeet no bausse kënne präsentéieren an dat zumools an dëse schwieregen Zäiten, wou d’Literatur natierlech eng grouss Bedeitung huet, fir ze hannerfroen an och emol kritesch Saachen unzeschwätzen."
 
Wat huet den Eric Thill mam Jürgen Boos, dem Direkter vun der Frankfurter Buchmesse, beschwat?

"Mir hunn eis emol kennegeléiert, dat war e Meet and Greet a wou mir och ofgemaach hunn, dass mir eis eng Kéier zu Lëtzebuerg géife gesinn, fir ze kucken, ob et net méiglech wier, fir d’Lëtzebuerger Presenz hei nach ze verstäerken, well, wéi gesot, ech der Meenung sinn, dass dat heiten ganz ganz wichteg ass ebe fir déi gutt vill Aarbecht, déi bei eis am Land gemaach gëtt, eben och op der Weltbün, wou mer hei zu Frankfurt sinn ze präsentéieren, dat war e bëssen d’Iddi a fir eben och iwwer d’Defie vun der Literatur ze schwätzen an ech mengen, do ass den Här Boos e ganz Interesséierten, e ganz kompetenten Uspriechpartner an dofir war d’Iddi, fir hien och eng Kéier op Lëtzebuerg z’invitéieren."

 
Wéi ee Lëtzebuerger Buch liest den Eric Thill grad?

"Dem Samuel Hamen säi Buch 'Wie die Fliegen' hunn ech mir rezent kaf, ech muss iech awer soen, dass ech leider nach net allze vill ze liesen kritt hunn, well déi lescht Zäit elo e bëssen, jo, well vill lass war, wou net déi Zäit war, fir privat nach vill ze liesen. Mä dat läit awer um Nuetsdësch an do probéieren ech déi nächst Deeg elo virunzekommen."