Hamburg aus der Siicht vun der Roma-Communautéit
Hamburg aus der Perspektiv vun der Roma-Communautéit, déi do gréisstendeels vum Heesche lieft.
Dat weist de Film "Europa Passage", dee rezent op Initiativ vun der Associatioun "Solidaritéit mat Heescherten" an de Rotonde gewise gouf. E Film, dee Virurteeler a Fro stellt an eng Welt vu batterer Aarmut an Diskriminatioun weist. Mir hu mam Regisseur Andréi Schwartz geschwat.
Wärend 5 Joer huet den Andréi Schwartz mat senger Ekipp eng Roma-Famill begleet, déi tëschent Hamburg an Nămăești a Rumänien pendelt. Hien hätt éischt Kontakter mat der Communautéit iwwer eng ONG an einfach op der Strooss geknäppt, ier hien eng Autorisatioun krut, fir an engem Nuetsfoyer ze recherchéieren. D'Leit wiere ganz retizent gewiescht, fir vun him gefilmt ze ginn oder Froe gestallt ze kréien. Hien hätt hinnen awer och mat Saachen hëllefe kënnen, zum Beispill mat Bréiwer vun den Autoritéiten, déi vill vun hinnen net verstanen hunn, well se Analphabete sinn. Doduerch konnte Relatiounen opgebaut ginn.
Am Dezember 2016 koum et dunn awer zur Kris. D'Stad Hamburg huet decidéiert, datt d'Roma net méi dierften an Nuetsfoyere schlofen, mam Argument si wiere "fräiwëlleg" Sans-abrien an hätte jo an engem anere Land e Wunnsëtz. Donieft géinge si anere Sans-abrien Plaze fort huelen, obwuel d'Strukturen dem Regisseur senge Recherchen no héchstens zu 70 Prozent besat waren. Et hätt deemools och e gewëssen Drock op d'Politik ginn, seet den Andréi Schwartz. "Hamburg ist eine wahnsinnig reiche Stadt, die auch sehr schön ist, und selbstverständlich dass die Händler in der Innenstadt keine Lust hatten auf die Roma, und die hatten auch so eine Petition unterschrieben."
D'Konsequenz vun der Decisioun war, dass d'Leit am Dezember, kuerz viru Chrëschtdag, bei -10 Grad op d'Strooss gesat goufen. Si kruten e Busticket zréck a Rumänien ugebueden, wa si ënnerschreiwe géingen, dass si ni méi an en Nuetsfoyer géinge goen. Dat hätten déi meescht dunn och gemaach. D'Decisioun féiert awer och zu enger Vertrauenskris tëschent der Communautéit an der Film-Equipe. "Es wurde ihnen gesagt, dadurch dass wir bei ihnen im Dorf fotografiert hatten, deswegen wüsste die Behörde genau, dass sie irgendwelchen Obdach hätten. [...] Und die Leute haben sehr aggressiv auf uns reagiert in dem Moment." D'Leit hätten net verstanen, dass si nodeems se 7 Joer an de Foyere schlofe konnten, op d'Strooss gesat goufen.
Et dauert e puer Méint, bis d'Vertrauen nees hiergestallt ass. E puer Wochen nodeems si a Rumänien zréckgeschéckt goufen, war d'Famill nees zréck op Hamburg komm, well si an hirer Heemecht net genuch hat fir z'iwwerliewen. Si schléift ënnert enger Bréck. Ma och vun hei gëtt si per Plazverweis verdriwwen, muss sech nei Plaze sichen. Am léifste géingen d'Leit schaffen, seet den Andréi Schwartz. "Die haben zum Teil, da gibt es einige, 20 Jahre in den Fabricken gearbeitet. Also für sie war es so eine Erniedrigung zu betteln. Und auch physisch ist das eine solche Zumutung, das habe ich gemerkt als ich mit denen im Februar gedreht habe. [...] Es ist unheimlich hart auf diesem Asphalt oder Beton für 6, 7 Stunden im Winter einfach praktisch starr zu sitzen und zu betteln." An Däitschland eng Aarbecht fannen ass ouni Adress, Ofschloss a Sproochekenntnisser awer net evident, dacks bleift ausser dem Heesche just Schwaarzaarbecht, mat den Abusen déi dat mat sech brénge kann.
Diskriminatioun: "Wenn ein Roma Geld zählt auf der Straße, dann kann das ja nur geklautes sein."
De Regisseur erlieft Hamburg wärend senger Zäit mat der Roma-Communautéit vun enger anerer Säit. Hie selwer kënnt och aus Rumänien, hätt awer ni Diskriminéierung erlieft. Fir seng Protagoniste wier dat anescht. Den Andréi Schwartz erzielt vun enger Situatioun, an där hie vun enger eelerer Koppel gefrot gi war, e Busticket fir hire Fils ze kafen. Wéi hien op de Rendezvous koum huet e séier gemierkt, dass eppes net géing stëmmen. "Ich war von diesem älteren Ehepaar vielleicht 60 Meter noch entfernt und ich merkte dass die Frau wahnsinnig gestikulierte, ein Polizist war dabei und sie hat total geweint. Was war passiert? Sie wusste ich komme um halb 8 und sie war auf der Straße und hat in ihrer Brieftasche das Geld gezählt um sicher zu sein, sie hat das nötige Geld. Und sie wurde von einem Polizist gesehen, der kam rüber, hat ihr das gleich konfiskiert, weil wenn ein Roma Geld zählt auf der Straße, dann kann das ja nur geklautes sein." Hien hätt deemools mam Polizist gemotzt an d'Fra hätt hiert Geld zréck kritt. Hie géing awer och op d'mannst 6 Fäll kennen, an deene Leit hir Suen eréischt no méi wéi 6 Méint an nodeems hien eng Affekotin ageschalt huet zréckkruten.
Op där anerer Säit hätt hien awer och Leit wärend den Dréiaarbechten erlieft, déi immens solidaresch mat de Roma waren. "2, 3 mal als wir mit ihnen gedreht haben, wären wir von einer Frau fast verprügelt worden, weil sie dachte wir würden ohne ihre Genehmigung drehen, ohne ihr Einverständnis, und Maria (eng vun de Protagonistinnen, ndlr) musste ziemlich agieren, die kaum Deutsch spricht, um zu sagen, "Nein nein nein, das sind meine Freunde"."
Heescheverbuet: "Ein riesiger Eingriff in Menschenrechte"
Op Lëtzebuerg invitéiert gouf den Andréi Schwartz vun der Associatioun “Solidaritéit mat Heescherten”, déi sech wéinst dem Heescheverbuet forméiert huet. Esou e Verbuet wier e risegen Agrëff an d’Mënscherechter, seet de Regisseur. Zu Hamburg wier theoretesch just dat sougenannt “aggressiivt” Heesche verbueden. "Aber es ist immer Auslegungssache seitens der Polizei, was heißt hier aggressiv oder nicht. Manchmal kriegen die Leute einen Platzverweis, nur weil sie den Mund aufmachen. Ich meine, wie kann man da wahrgenommen werden, wenn man nicht einmal "Hallo Madame, alles Gute für Ihre Familie", so Banalitäten die sie sagen können."
Heefeg geet am Zesummenhang mam Heescherverbuet rieds vun organiséierte Banden a Mënschenhandel. Am Film freet den Andréi Schwartz d'Leit och direkt, ob si Sue mussen un een anere mussen ofginn. Bei hinne wier dat sécher net de Fall. Hie kéint natierlech net ausschléissen, datt et och Leit ginn, déi probéiere géingen Heescherten auszebeuten. “Aber ich halte das für einen ziemlich billigen Vorwand seitens der Politiker, denn erstens - klingt für mich immer ziemlich absurd, dass jemand mit seiner Mercedes von Bettler zu Bettler fährt und von 10€ die derjenige eingenommen hat vielleicht 5 kassiert, eigentlich ist der Sprit teurer und der Zeitaufwand, macht für mich überhaupt keinen Sinn.”
Wann hie säi Film virstelle géing, géing hien och heefeg vu Leit gefrot ginn, wéi si erkenne kéinten ob net e Mafiosi am Hannergrond d'Leit ausbeut. Dat wier eng Fro, déi hie géing rose maachen. "Das sind doch die Ärmsten der Ärmsten, wenn sie noch jemand ausnimmt, soll man ihn krepieren lassen, damit der Mafiosi weniger verdient?" Hie vergläicht dat mam Ëmgang mat de Flüchtlingen um Mëttelmier. "Die sollen absaufen, damit die Schlepper ruiniert werden. Meistens werden die Schlepper niemals ruiniert, sondern nur die Preise gehen höher. Aber die Zeche bezahlen immer die Unteren." Et wier eng reng perséinlech Decisioun, ob een engem deen heescht Sue wéilt ginn oder net, seet den Andréi Schwartz. Béid Haltunge wiere komplett an der Rei. Hien hätt awer den Androck, dass déi Leit a Stied wéi Lëtzebuerg oder Hamburg einfach net erwënscht wieren.