Den David Garrett geet 2025 op Welt-Tournée

© AFP
Den däitsche Violonist fänkt seng Tournée nächst Joer am Abrëll an Däitschland un.
Mat der Verëffentlechung vu sengem neien Album "Millenium Symphony" huet den David Garrett annoncéiert, am Joer 2025 op Welt-Tournée ze goen. Dat ass d'Resultat vun enger neier Zesummenaarbecht mat der US-Entreprise fir Live-Evenementer "Live Nation", déi d'Concerten organiséiert.
De Violonist wäert mat senger Band a sengem Orchester an Europa ënnert anerem an Däitschland, Éisträich an an der Schwäiz optrieden an domat seng Tournée starten. A sengem neien Album verbënnt hie bekannte Pop-Hits aus de leschte 25 Joer mat sengem klasseschen Instrument. Mat iwwer 5,6 Milliarde Streams a schonn 1.600 gespillte Concerte gehéiert hien zu deene bekanntste Museker a sengem Genre. Dës weltwäit Bekanntheet iwwerdréit den David Garrett elo och rëm op déi international Bünen. Schonn am Joer 2023 hat hie 77 Concerten an 23 verschiddene Länner gespillt.