Déi amerikanesch Kënschtlerin Summer Wheat ass fir eng zweete Kéier zu Lëtzebuerg.

D’Kënschtlerin ass bekannt fir hir grouss immersiv Konschtwierker an huet schonn a grousse Metropole wéi New York an Dubai ausgestallt. Elo ass si zréck am Grand-Duché mat hirer neier Kollektioun.
 
Dream Garden, sou heescht dem Summer Wheat hir Expo, déi ee sech an der Galerie Zidoun-Bossuyt ukucke kann. Mat enger Selektioun vun 12 Wierker weist si hei passend zum Titel verschidden Interpretatiounen zum Thema "Gaart". D’Figur vun der Fra spillt, wéi an all hire Wierker, och hei rëm eng elementar Roll. "Eppes, wat mech un der Thematik vum 'Gaart' schonn ëmmer intresséiert huet, ass d’Verbindung zu der Geschicht vum Adam an Eva. Hei war d’Eva Deel vun der Sënn an dat huet mech inspiréiert, fir dës Biller ze molen", sou d’Kënschtlerin. Wat engem nieft den immersive Faarwen direkt an d'Ae spréngt, wann ee sech hir Wierker ukuckt, ass déi ganz speziell Technik, mat där d’Kënschtlerin schafft.
 
"D’Iddi hannert menger Technik ass et, eng Kombinatioun aus Zeechnung, Molerei a Skulptur ze kreéieren. Et ass eng Interaktioun tëscht dësen dräi Disziplinnen, wou all Bild säi ganz individuellen Opbau huet. Keent ass wéi dat Anert."
 
De Gaart steet fir d’Summer Wheat awer och fir Spiritualitéit. E soll en Uert representéieren, an dem Gedanken a Gefiller wuessen a gedeie kënnen. D’Wierker weisen en oppenen a gläichzäiteg begrenzte Raum, an deem Frae mat der Natur a Verbindung trieden. Blummen, Päiperleken a Friichte sinn hei just e puer Elementer, mat deenen d’Artistin schafft.
 
Ukucken, kann ee sech d’Expo Dream Garden nach bis de 7. Dezember an der Galerie Zidoun-Bossuyt.