D'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2024 ass do

© Bea Kneip / RTL
D'Gewënner an den 3 Kategorië ginn de 14. November zu Walfer bei der Präisiwwerreechung ausgezeechent.
D'Lëtzebuerger Bicherediteuren deele mat, dass d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2024 do ass. D'Gewënner wäerten am Kader vun de Walfer Bicherdeeg ausgezeechent ginn, dat de 14. November am Centre Prince Henry zu Walfer.
Am Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis 2024 sinn d'Florence Sunnen (Autorin), d'Romy Hellinghausen (Bibliothecaire am CNL), de Joe Mathieu (Libraire am Christina’s Bicherbuttik), d'Isabel Spigarelli (Journalistin, Literatur-Kritiker) an den Henri Schoetter (Graphiker, Designer, Illustrateur).
D'Shortlist ass an 3 Kategorien opgedeelt, mat 5 Titele pro Kategorie. Aus deene 5 Titele wäert de Jury fir all Kategorie e Gewënner eraussichen. Et gëtt och e Prix du public. Hei kann dofir ofgestëmmt ginn.
Literatur:

- Das Geräusch der Stillleben - Helminger, Guy ; capybarabooks
- Nous sommes celleux qui marchent dans la ville - Pohu, Antoine ; capybarabooks
- Mutterrache - Steckel, Margret ; capybarabooks
- Einfach esou. E Grapp erfonnte Geschichten - Schlechter, Pe'l ; éditions guy binsfeld
- Béischten - Schuster, Jemp; Kremart Editions
Sachbuch:

- Luxemburg war nie eine Kolonialmacht - Schmitz, Yves ; capybarabooks
- Paysages du Fer - Goedert, Jean, Lorang Antoinette & Pagliarini, Luciano ; Editions Klopp
- Confinement Cocktails - Reuter, Françoise & Eischen, Daniel; Op der Lay
- Ma collection de 96 artistes luxembourgois contemporains - Schmitz, Armand ; Editions Schortgen
- Region Müllerthal - 80 Erlebnisorte - Kieffer, Rob ; Editions Ernster
Kannerbuch:

- Verstehen - Kremer, Christiane & Martija Emmanuella J. ; éditions guy binsfeld
- Et rabbelt an der Broutgaass - Orban, Diane & Karels, Myriam ; éditions guy binsfeld
- Gréidi - Mobbing a Frëndschaft um Eisleker Bauerenhaff - Udelhoven, Peter & Leiner, Roger ; Editions Schortgen
- Pantastesch - De Kampf ëm d'Kroun - Kolbet, Gilles & Scholter, Nadine ; Editions Ernster
- De Kaddo - Hoscheit, Jhemp & Martins, Sandra. PersPerktiv Editions

De Motto vun de Walfer Bicherdeeg 2024 / © Bea Kneip / RTL