D'Produktioun aus Éisträich wëll d'nächst Joer nei Episoden dréinen, an deenen trotz neie Rollen de Charme vun deemools bäibehale soll ginn.

Zanter 1994 sinn am Ganzen 214 Episoden, verdeelt op 18 Staffele gedréint ginn. De Kommissar Rex gouf an där Zäit an iwwer 150 Länner diffuséiert an zielt domat zu enge vun den erfollegräichsten éisträichesche Serien. Am Joer 2015 gouf déi virleefeg lescht Episod vun der erfollegräicher Tëleesserie diffuséiert.

Néng Joer méi spéit gouf elo annoncéiert, datt de Kommissar Rex ee Comeback feiert. 2025 sollen eng Rei nei Episoden à jee 90 Minutte gedréint ginn, déi 2026 dann op der Tëlee sollen ze gesi sinn.

D'Produktioun soll deemno duerch eng Zesummenaarbecht vun MR Film, Beta Film, dem ORF a Sat.1 realiséiert ginn, wéi ënnert anerem "Der Standard" schreift. De Produzent huet ugekënnegt, datt d'Roll vum Rex zwar nei beluecht misst ginn, ma datt den neien Hond awer genau dat Gefill vun deemools vermëttele géif.