Wierker vu Lëtzebuerger Nowuesstalenter an der Groussgaass ausgestallt
Am Kader vun der 4. Editioun vun de Young Luxembourgish Artists stellen dëst Joer ganzer 21 jonk Kënschtlerinnen a Kënschtler hir Aarbechten an der Groussgaass aus.
Dräi Joer ass et schonn hier, datt d’Lou Philipps an de Gérard Valerius de Projet “Young Luxembourgish Artists” - kuerz YLA - an d’Liewe geruff hunn. De But ass et, jonke Lëtzebuerger Artisten eng Plattform a Starthëllef fir hir Konscht ze bidden. Dëst Joer si puer bekannte Gesiichter dobäi, déi ee schonn am Kader vun de “Young Luxembourgish Artists” gesinn huet.
Dëst Joer hu mir ee méi klengen Espace wéi déi Jore virdrun, mee awer och méi Kënschtlerinnen a Kënschtler, déi mir weise wëllen. Domat dat méiglech war hu mir hinnen e Challenge gesat. All Artist konnt dräi Wierker areechen, déi maximal 60cmx80cm grouss sinn, sou d’Lou Philipps, Matgrënnerin vum YLA.
Ze gesi kritt een eng Villfalt u verschiddene Medien, vu Molerei iwwer Fotografie bis hin zu Skulptur an Installatiounskonscht. Mee och Cyanotypien a souguer ee Buch sinn dëst Joer mat dobäi. De Grënner vum Projet ass et wichteg, mat hirer Selektioun u Wierker eng schéi kuratéiert Ausstellung op d'Been ze stellen. Et geet drëms, jonk Kënschtlerinnen a Kënschtler ze ënnerstëtzen, déi sech zu Lëtzebuerg etabléiere wëllen.
Jonk ass awer dobäi net zwéngend op den Alter bezunn, erkläert eis d’Lou Philipps. Et si Leit aus dem 80er, 90er wéi och aus den 2000er Joergang dobäi. Wichteg ass et, datt et Artiste sinn, déi um Ufank vun hirer Karriär sinn an am Beruffsfeld vum Kënschtler zu Lëtzebuerg wëlle Fouss faassen.
Nach bis den 30. November kann ee sech d’Expo vu “Young Luxembourgish Artists” op der Nummer 43 an der Groussgaass ukucke goen. D’Galerie ass dëst Joer och Deel vum Art Walk, deen am Kader vun der Art Week organiséiert gouf.