Et ass mëttlerweil schonn déi néngten Editioun vun der Fuelbox, enger Konschtausstellung an engem aussergewéinleche Kader.

Konscht an engem onkonventionelle Kader weisen, dat ass d’Konzept vun der Fuelbox. Nodeems d’Kollektiv-Ausstellung d’lescht Joer an enger grousser Hal zu Hollerech war, gouf fir dës mëttlerweil schonn néngten Editioun de fréiere Citroensgarage op der Cloche d’Or an eng ephemère Konschtgalerie verwandelt.

Vum Graffiti, iwwer d’Skulptur bis hin zur Teppech-Konscht, sinn och an dëser Fuelbox esou zimmlech all Medie vertrueden. Méi wéi 60 Kënschtler aus Lëtzebuerg an der Groussregioun presentéieren dem Public hei hir Wierker. D’Molerin Yvette Rischette hat 2016 zesumme mat Kënschtler-Kolleegen déi 1. Editioun vun der Fuelbox an d’Liewe geruff. 
All Kënschtler konnt sech hei säin Eck eraussichen a senger Kreativitéit fräie Laf loossen.

D’Fuelbox bitt den Artisten awer net just eng Vitrinn fir hir Konscht, ma d’Ausstellung fungéiert och als wichteg Plattform vun der Renconter. Als Kënschtler huet een hei net just en direkten Austausch mam Public, ma och mat villen aneren, opstriewenden an etabléierte Konschtschafenden.

Speziell fir dës 9. Editioun vun der Fuelbox, hunn eng Rëtsch Kënschtler jeeweils ee ganz speziellt Konschtwierk kreéiert. Getrei dem Titel vun der Ausstellung, ass dat ee klengen Uelegbidon, deen an hirem jeeweils ganz individuelle Stil designt ass. Wie sech op der Plaz sou een Unikat keeft, mécht net just eppes fir sech, ma och fir dee gudden Zweck. Den Erléis dovunner geet nämlech integral un d' Associatioun “Île aux Clowns”.

Nach bis den 3. November kann een déi vill verschidde Wierker op der Hausnummer 5 an der Rue Robert Stumper zu Gaasperech entdecken. Vu Freides bis Sonndes sinn Diere vu 14h00 bis 19h00 op. Donneschdes, den 31. Oktober vun 12h00 bis 19h00.