De Groussen Theater gëtt fir e puer Deeg zum Skatepark
Wéi kritt een Teenager an den Theater? Déi dänesch Choreographin Mette Ingvarstsen hat déi heiten Iddi: Mir verwandelen d’Theaterbün an e Skatepark.
Hiert Stéck ass dëse Weekend op Besuch am Groussen Theater, mat derbäi och Lëtzebuergesch Skateren. RTL war bis an d’Prouf luussen.
D’Mette Ingvartsen ass als Kand vill mat Rullschong gefuer, wunnt elo zu Bréissel nieft engem Skatepark an huet mat hire Kanner nees ugefaangen ze skaten.
"Wou ech du méi Zäit am Skatepark verbruecht hunn, ass mir opgefall dass et interessant ass, wéi hei Beweegungen entstinn. An och d’Mentalitéit vun de Skateren huet mir gefall: déi gi sech net, bis se en Trick gelant hunn!"
Genee do gesäit d’Choreographin d’Verbindung tëscht Skaten an Danzen: ëmmer nees d’Widderhuelung vun deenen nämmlechte Beweegungen, op der Sich no Perfektioun. An awer: wann ee sech Skatere virstellt, denkt een u Leit, déi relativ spontan duerch d'Géigend rullen a hir Tricker maachen. Danz, Choreographie, dat ass geplangt an ageüübt. Wéi bréngt een déi zwee Aspekter op der Bün zesummen?
"D’Skateren hunn eng Struktur, déi virgëtt, wie wat mécht. Mee mir wësse net wou, si am Raum wäerte sinn. Well d’Agilitéit vun de Skatere gefält mir immens gutt, wann ech hinne nokucken. An deem Sënn sinn eenzel Deeler immens choreographéiert, anerer baséieren op Beweegungsprinzippien, déi dann ëmmer nees kënne widderholl ginn."
Op der Bün stinn engersäits Skateren, déi d’Mette Ingvartsen erausgesicht huet. Wichteg war hier, dass déi sech gutt verstinn. No annerhallwem Joer op Tournée sinn et Kolleegen!

© RTL
Anersäits wollt d’Choreografin awer och en Austausch mat der lokaler Zeen. Dofir skaten hei och Lëtzebuerger mat. Et ass en Challenge, erzielt eis den Ornello Haan:
“Skaten ass haaptsächlech eng Fräizäitsportaart, wou ee kann decidéiere wat ee wëll. Mee natierlech: wann een elo eng gewësse Virlag huet, wéi ee soll skaten, da kucke mir domadder eens ze ginn an dat och ëmzesetzen!”
E Samschdeg an e Sonndeg kann ee sech am groussen Theater an der Stad vum Resultat iwwerzeegen.