De Serge Tonnar mécht "Iwwerstonnen" am Café Bovary
Wie säi Schaffdag musikalesch a kulinaresch ausklénge loosse wëll, ass am Café Littéraire Le Bovary genee richteg.
“Méi wéi ee Concert”, dat ass d’Iddi hannert der “Iwwerstonn mam Serge Tonnar”. Zesumme mam Lili, der Patronne vum Café Bovary, huet hien ee Konzept fir een Afterwork op d'Bee gestallt an deem de Public net just nolauschtert.
Mat Gittar, Piano a vill Witz zielt hien am klenge Krees eng chronologesch Zesummefaassung vu sengem Wee als Museker a spillt och Lidder, déi ee villäicht nach net héieren huet.
"Andeems datt mer sou no beienee sëtzen, kann een Echange tëscht mir a Leit stattfannen, wou si kënne Froe stellen oder intervenéieren", sou de Serge Tonnar. Fir de Museker ass et déi éischte Kéier, datt hie ganz eleng a sou engem klenge Raum spillt an dobäi sou no um Public sëtzt.
Nom Concert kann een am Café Bovary bleiwe fir eppes ze iessen a säin Owend genossvoll ofzeschléissen. Weider Infoen zu der “Iwwerstonn mam Serge Tonnar” fannt Dir hei.