E Bléck hannert d'Kulisse vu "Les Misérables: The Arena Spectacular"
Vum 25. bis de 27. Oktober war eng international Produktioun vum bekannte Musical "Les Misérables" an der Rockhal.
Wat d’Spectateuren net gesinn, ass dat, wat alles hannert de Kulisse geschitt.
Mat iwwer 120 Leit reest dës Produktioun uechter d’Welt, mat enger Besetzung, déi alt variéiert. Mat fënnef Optrëtter an der Rockhal gouf d’Musical-Welt zu Lëtzebuerg beräichert an dat mat enger Ekipp, déi hir regulär Optrëtter am Londoner West End oder um Broadway huet.
Un der Produktioun sinn iwwer 120 Leit bedeelegt. Ongeféier 65 Leit sinn als Acteur oder Museker dobäi, déi aner schaffen all hannert de Kulissen. Do musse Kostümer gefléckt a gewäsch ginn, et muss alles an de Camionen transportéiert ginn an d’Bün muss op- an ofgeriicht ginn.
Les Misérables
De Musical ass adaptéiert vum Victor Hugo sengem Buch "Les Misérables". Et geet ëm de Jean Valjean no der franséischer Revolutioun; hien ass e Sklav, well en eng Kéier e Stéck Brout geklaut huet. Nodeems hien erëm fräi ass, gëtt en nach vum Polizist Javert verfollegt. Esou féiert d’Handlung de Spectateur weider duerch d’Liewe vu Personnagen, déi et net einfach hunn.
De Bradley Jaden spillt de Javert. Hien ass scho laang bei Les Misérables dobäi an huet am Ensembel als Jean Valjean an och als Enjolras matgespillt. Fir hien ass dës historesch Geschicht trotzdeem nach verbonne mat der haiteger Zäit: "Et ass esou relevant mat allem wat an der Welt lass ass. Et vermëttelt Hoffnung a Gerechtegkeet. Dat ass esou flott bei Les Misérables. An domat kanns de kämpfen."
Eng international Produktioun
De Musical ass op Welt-Tournée. No hirer Visitt am Grand-Duché geet et fir si virun an d’Schwäiz. Les Misérables ass dee Musical, deen am längste vun hinnen all leeft a feiert deemnächst 40 Joer. Dobäi gouf en och an 22 Sproochen iwwersat an an iwwer 50 Länner opgefouert.