E Samschdeg den Owend feiert de Cercle Artistique du Luxembourg (CAL) de grousse Vernissage vun hirem Salon 2024.

De Lëtzebuerger Kënschtlerkrees CAL organiséiert all Joer hiren traditionelle Salon an zeechent ee Kënschtler mat engem renomméierte Konschtpräis aus. Dëst Joer ass et de Prix Pierre Werner, deen dem Gewënner zesumme mat engem Präisgeld vu 5.000 Euro iwwerreecht gëtt.

De But vum Salon ass et net, dee beschte Kënschtler oder dat beschte Konschtwierk ze fannen, ma dat zäitgenëssescht kënschtlerescht Schafen zu Lëtzebuerg ze representéieren. Deemno dierfen och just Wierker ausgestallt ginn, déi an deene leschte 24 Méint produzéiert a virdrun nach ni an enger Ausstellung gewise goufen.

Matmaache kann all Kënschtler, deen en direkte Lien mat Lëtzebuerg huet, egal ob en am Ausland oder am Grand-Duché wunnt. Wichteg ass et dem CAL och, dass ëmmer méi jonk Kënschtler hir Wierker am Salon ausstellen an dass et net nëmme gemoolte Konscht, mee och aner Medien, wéi zum Beispill Fotografië, Skulpturen oder Videoen ze kucke gëtt.

Fir d’Editioun 2024 sinn eng ronn 170 Dossiere bei der Jury ukomm, wat däitlech méi ass, wéi an deene leschte Joren. Dovunner goufe 45 Artisten ausgewielt, déi elo hir Wierker am Kader vum Salon ausstelle kënnen an esou d’Méiglechkeet kréien, dës un Interessenten ze verkafen an de Prix Pierre Werner ze gewannen. Opfälleg ass och, dass de Fokus dëst Joer net méi, wéi gewinnt op der Molerei, mee majoritär op anere Medie läit. 18 Kënschtler weise Fotografie, 13 stelle Skulpturen aus an et gëtt ee Videoprojet. Nëmme 16 Kënschtler si mat gemoolte Biller vertrueden.

Vum 2. November un kann een d’Expo vum Salon 2024 an den Tramsschapp kucke goen an owes um 18 Auer ass de Vernissage mat Iwwerreechung vum Prix Pierre Werner. Duerno ass d’Ausstellung nach bis de 17. November um 17 Auer all Dag op. Et ginn och guidéiert Touren organiséiert. Méi Informatiounen iwwert d’Umeldung dofir fannt dir um Site vum CAL.

RTL

 

Ëffnungszäiten

Samschdes: 10h bis 19h  
Sonndes: 10h bis 19 Auer (ausser de 17.11. vun 10h bis 17h)
Méindes bis Freides: 14h bis 19h

 

Lëscht vun de Kënschtler:

Carolina Arias, Noël Bache, Mar Bertemes, Franky Daubenfeld, Cristina Dias De Magalhaes, Dominique Dureau, Serge Ecker, Dijana Engelmann, Luc Ewen, Francoise, Manette Fusenig, Steve Gerges, Bettina Ghasempoor, Thierry Hahn, Brad Halsdorf, Miijja Heinonen, Luc Holper, Camille Jacobs, Chikako Kato, Paul Kirps, Serge Koch, Tine Krumhorn, Andrés Lejona, Armand Lenta, Sophie Margue, Joel Nepper, Dani Neumann, Kingsley Ogawara, Josée Olinger-Proth, Yliana Paolini, Claudia Pigat, Anna Prajer, Ray Monde, Anna Recker, Pit Reding, Letizia Romanini, Saida, Myriam R. Schmit, Maïté Seimetz, Raphael Tanios, Jessica Theis Tzafff, Anneke Walch, Lara Weiler, Theat Weires, Mohammed Zanboa