Iwwer 50 verschidden Exposanten, al Placken, Kassetten an ënner anerem CDe stoungen zur Auswiel. De Choix war risegrouss.

Aus der ganzer Groussregioun koumen d'Leit op Lëtzebuerg fir am beschte Fall och déi eng oder aner Raritéit ze fannen. Schonn am Februar gouf eng Plackefoire organiséiert.