Den US-Museker Quincy Jones ass e Sonndeg am Alter vun 91 Joer am Krees vu senger Famill a sengem Haus zu Los Angeles u Kriibs verscheet.

Dat huet de Pressespriecher vum der Musekslegend a Produzent, den Arnold Robinson, matgedeelt. An engem Message vun der Famill heescht et:

"Haut musse mir mat vollen, awer gebrachenen Häerzer d'Noriicht vum Doud vun eisem Papp a Brudder Quincy Jones matdeelen. An obschonns et en onheemleche Verloscht fir eis Famill ass, feiere mir dat groussaartegt Liewen, dat hie gelieft huet; am Wëssen, dass es ni méi ee wéi hie wäert ginn."

De Quincy Jones war e Multitalent. Ënner anerem mam Michael Jackson hat hie mat "Thriller" e ganzen Album produzéiert. Dee gëllt bis haut als meeschtverkaaften Album iwwerhaapt. Vum Time-Magazin gouf hien zum aflossräichsten Jazzmuseker vum 20. Joerhonnert gewielt.

Op d'Welt koum de Quincy Delight Jones Jr. Mëtt Mäerz 1933 zu Chicago. Scho ganz fréi huet hie seng Léift fir d'Musek entdeckt an huet als Teenager mam Ray Charles eng kleng Combo gegrënnt. Mat 17 Joer gouf hien um Berklee College of Music ugeholl, huet d'Studium awer 1951 nees opginn. Als Trompettist fir de Lionel Hampton huet seng Karriär dunn ugefaangen.

1957 huet hien e Kontrakt bei ABC-Paramount ënnerschriwwen a kuerz drop koum den éischten eegenen Album "This Is How I Feel About Jazz" eraus. Ee Joer drop huet hien den Orchester fir e Galaconcert vum Frank Sinatra zu Monaco geleet. Dat war den Ufank vun enger laangjäreger Zesummenaarbecht. Wärend 18 Méint war den Arrangeur a Produzent mat der Quincy Jones Big Band haaptsächlech an Europa ënnerwee.

Zeréck an den USA gouf hien 1961 Vizepresident vun der New Yorker Delegatioun vu Mercury Records a Chef vun hirer A&R. Nëmmen dräi Joer drop gouf hie Vizepresident vum Label an domat den éischten Afroamerikaner un der Spëtzt vun engem Major-Label. Och an der Filmmusek huet den Jones 1963 Fouss gefaasst an huet dat selwecht Joer säin éischte Grammy gewonnen.

Et koume weider Albume mam Frank Sinatra, wéi och eng gemeinsam Tour vu bal zwee Joer. Zu engem Zesummentreffe mat enger weiderer Musekslegend koum et Enn vun de 70er, mam Michael Jackson. Wien de Quincy Jones bis dohin net kannt huet, huet et spéitstens vun deem Moment un. Als Produzent vum King of Pop koumen déi erfollegräich Alben Off The Wall, Thriller a Bad eraus. Thriller ass mat gutt 104 Milliounen de meeschtverkaaften Album vun allen Zäiten.

Erfollegräich Titelen huet hie mat Kënschtler wéi dem Aretha Franklin, Lionel Richie an Herbie Hancock produzéiert. E weidere grousse Coup ass him 1985 mam Lidd "We Are The World", geschriwwe vum Michael Jackson a Lionel Richie, gelongen. D'Lidd huet 50 Milliounen US-Dollar fir den Hëllefsfong fir Afrika abruecht. Am selwechte Joer ass d'Romanverfilmung "The Color Purple" mam Whoopi Goldberg entstanen, fir deen den Jones d'Musek komponéiert huet an dofir en Oscar krut.

Et koume weider Grammys an aner Auszeechnungen, wéi och en Dokumentarfilm "Listen Up - The Lives of Quincy Jones" vum Ellen Weissbrod iwwer säi Liewen. Bis 2010 war hie fir seng musikalesch Aarbecht fir 79 Grammys nominéiert, huet e 27 Mol gewonnen. 2005 gouf hien an d'Dance Music Hall of Fame opgeholl, gouf 1991 um Entertainment- a Televisiounsfestival Rose d'Or geéiert, krut 1994 de Polar Music Prize, deen als Nobelpräis an der Musek ugesi gëtt. 1995 war et den Jean Hersholt Humanitarian Award an 2024 souguer en Éieren-Oscar. 2001 ass den Jones dunn och nach an d'American Acadaemy of Arts and Sciences gewielt ginn a krut 2008 nach de Jazz Masters Fellowship vun der staatlecher NEA-Stëftung. Dat ass déi héchsten Auszeechnung fir Jazzmuseker an den  USA.

Dräi Mol war de Quincy Jones bestuet. Hien hannerléisst siwe Kanner - sechs Meedercher an ee Bouf - vu fënnef verschiddene Fraen.