Kënschtlervereenegung ARC feiert 65. Gebuertsdag
D'Festivitéite sinn am Espace H2O zu Uewerkuer, wou viru véier Joer och schonn de 60. Gebuertsdag zelebréiert gouf.
Ausgestallt gi Wierker vu méi wéi 50 Lëtzebuerger Artisten, déi all Member vum ARC sinn.
Ganzer 76 Memberen zielen zum ARC, dee säit 1959 als Kënschtlervereenegung ouni Gewënnzweck aktiv ass. An der Expo “Am Flow” gëtt et Molerei, Fotografie, Videoen a Skulpturen ze entdecken, bei deenen d’Kënschtler, op d'mannst technesch gesi keng Virschrëften hu missen anhalen.
Et ass eng villfälteg Ausstellung, déi weise soll, wat et beim ARC alles ze entdecke gëtt. Fir déi, déi sech allerdéngs wollten un en Thema halen, hat den ARC senge Kënschtler eng Iddi mat op de Wee ginn, déi sech un de Raimlechkeete vum Espace H2O inspiréiert.
Fir de President vum CAL, de Serge Koch, ass e besonneschen Highlight vun der Gebuertsdagsausstellung de Katalog, dee mat ronn 300 Säiten an eegener Aarbecht en Iwwerbléck iwwert d’Membere vun der Vereenegung bitt an dat ganzt fir d’Archive festhale soll.
Um Finissage vun der Expo “Am Flow” den 10. November kritt de Publik en diverse Programm mat Performance-Konscht vu verschiddene Kënschtler gebueden.